Dat wonnert mech awer lo een bëssen. Hei dann e Beispill. An Merci gesot!
http://www.spotcatch.net/foto-blog/2012/technik/262-infrarotfotografie-anleitung-tutorial
Du sees et, sinn schonn amgaangen ze iwwerleeën op et dowärt ass den IR Spär - Filter aus enger Kamera eraus bauen ze loossen. Merci fir däin Interesse!
Ech hun eng Sony 828, mat Nightshot, du hues mäin Interessi nees lancéiert, do gët et en Hack mat engem Magnéit, hun haut probéiert, mee et huet net geklappt. Ech losse mir dat näischt kaschten, meng 828 war fir mech eng super Kamera, an ech probéieren hier vielläicht mat IR e neit Liewen anzehauchen.
Mach dat MsJarryman!
Ech hat dat heiten gelies. http://www.heise.de/foto/artikel/Sony-F828-Infrarot-Hack-2466738.html
Mir fehlen do leider een pur Megapixelen. Kascht bei Amazon nach 239€. Sigma SD1 néi 849€ huet 46 Megapixel an kann een nach selwer embauen. An ech hunn jo keen aneren Hobby.
Hun dat och gelies, ech muss mat engem aneren Magnéit probéieren, dee war villäicht ze schwach. Et wär natierlech flott, wann ech dat géif hikréien oni mussen ze investéieren.
Wat fir een IR Filter benotz Du, deen Hoya R72 soll net schlescht sin.
Ech hun déi Sigma SD1 emol studéiert, gëtt jo vill gelueft, an de Präis ass méi wéi OK, et muss ee sech trauen dru kniwwelen ze goen, well dann ass d'Garantie och futsch
Just 46 Megapixel, do kritt de Rechner schnell den Houscht
Foto ass mat deem Filter gemaach ginn, sinn ganz zefridden! Do géing ech op keen Fall Spuren! E léist nach e bëssen normaalt Liicht duerch wann's de nach esou eng Aart falsch Faarwen Foto wëlls maachen. Sigma ass net op Schnellegkeet an héich isoen getrimmt awer op Bildqualitéit! Se huet awer leider keen live-view. De Filter ass vun Sigma extra fir IR Fotoen ze maachen esou agebaut ginn , dass een liicht eraus ze houlen ass. De Pc hunn ech schonn fir D800 missen wiesselen.
Ech sinn selwer gespaant, an net ëmmer zouversiichtlech awer....Hoffnung stierft jo fir't läscht. An op ginn, och wann et villäicht laang dauert maachen ech net! Hoffen dass de deen richtegen Magnéit fënns well méi einfach geet et mat denger Kamera jo net! Uspriechend Motiver an déi néideg Luucht ze fannen, dat ass dann erëm eng aner Saach. Vill Gléck och fir dech beim sichen !
Beweeegungsonschäerft mam Effekt mech eréischt verdreemt heet. Gefält mir an dësem Fall och ganz gutt, well ausser de Bamstämm och nach eppes aneschtes méi opfalend Statesch ass. Leider war et nëmmen méin Auto. Hätt mir ganz gären eppes méi schéines Interessantes gewënscht!
Merci fir deng Meenung zum Bild jorsch!