Facebook
Twitter
Du bass nach net ugemellt. Mell dech gratis un
ëm wat geet et op Photogen.lu?
 

Rosa Wolléken

 
Rosa Wolléken
  • Fotograf:
  • Eropgelueden:
    13.07.2015
  • Gekuckt:
    25066
  • Favoriten:
    0
  • Kommentarer:
    12
  • Beliichtungszäit:
    30/1 sec
  • Blend:
    f/3.5
  • Brennwäit:
    17 mm
  • ISO:
    800
  • Blëtz:
    No Flash
  • Beliichtung:
    0 EV
  • Gréisst:
    1500x1000
  • Späicherplaz:
    812 KB
  • Originaldatum:
    2015:06:27 22:27:34
  • Fotoapparat:
    Canon EOS 5D Mark III
  • Programm:
    Manual
  • Objektiv:
    Canon 16-35 f/2.8
Kategorie: Natur »» Waasserausbléck  
Extras:
Stativ, ND a Pol Filter

Fir anzesetzen: [pg_img=83650]
Kommentar vum Fotograf:
Bëssen gespillt nach nom Sonnen-ënnergang mat de Faarwen an de Wolléken.

Hei ass déi éischt Foto déi ech dun gemaach hat, getest mat an ouni Polfilter
Pit 13.07.2015 - 10:49
Schéin Farwen. Bei der éichter Foto fannen ech déi mal Pol Filter besser, well ech Farwen einfach méi flott fannen, mee dat ass Affaire de Goût...
Johny 13.07.2015 - 11:32
Jo, déi ouni Polfilter ass net sou extra, dofir hunn ech se och genee esou gewisen fir dass een den Ënnerscheed gesäit.
Paul-H 13.07.2015 - 16:19
Ech fannen déi mam Polfilter och e gudden Krack méi schéin, ouni Zweifel. Vu dass ech awer nach nie mat Polfilter geschafft hun froen ech mech elo op een deen selwechten Effekt net och hätt kennen am LR mam Verlaafsfilter erreechen? Oder ass d'Resultat mat Polfilter einfach besser?
Johny 13.07.2015 - 16:38
Nee dat ass onméiglech - e Polfilter ass vum eigentlechen Sënn hier dofir do, polariséiert Luucht ze blockéieren. Polariséiert Luucht si Luuchtwellen déi just an eng Richtung schwéngen (Bëssi Physik tongue), an zwar gëllt dat haaptsächlech fir Spigelungen, d.h. de Polfilter setzt een am Normalfall an fir Spigelungen ze filteren, well déi oft stéieren.
Hei an dësem Fall, wéi een op der Foto ouni Filter gesäit, hëlt dat dem ganzen awer Dramatik, dofir hunn ech en sou genotzt dass ech eben grad haapsächlech d'Spigelungen duerchloossen.
E Polfilter ass meeschtens zirkulär soudass een en dréine kann, well een en ëmmer muss un déi aktuell Luucht-situatioun upassen.

Dat ass ee vun de Filteren déi komplett onméiglech sinn duerch Post-processing ze ersetzen.
Paul-H 13.07.2015 - 17:27
Gudd erklärt. Merci. Ech muss mech onbedingt méi mat deem Thema beschäftegen.
Johny 13.07.2015 - 17:48
Wanns de nach Froen hues kanns de déi och roueg stellen, mer si jo hei fir de Leit bëssen ze hëllefen smile
Paul-H 13.07.2015 - 18:07
Merci, wärt ech maachen.
Pit 15.07.2015 - 08:39
An dat gudd un dem Filter ass och nach, dass de duerch den Sucher d'Resultat direkt gesaiss...Ass wirklech dowärt sech sou een Filter unzeschafen. Allerdengs ass en am beschten op engem Objektiv, wat en 'Innenfocus' huet, wou also Objektiv selwer beim scharfstellen net dréit, soss muss de bei all Focusséierung den Polfilter rem nostellen.
Johny 15.07.2015 - 10:58
Stëmmt, dat hat ech nach vergiess.
Paul-H 15.07.2015 - 12:29
Ech besuergen mir lo mol sou een.
ornitho 13.07.2015 - 18:28
Herlech mat denen Farwen an deier Spiegelung, gefällt mir !
Johny 15.07.2015 - 11:58
Merci smile

(Passwuert verluer)

Foto vun der Woch

Flèche du Sud

Eis Partner

VisionLecuit

Am Moment online

Keen Member online
 
 
Neisten Benotzer: wandaluciaia
Am Ganzen: 3727
keen Benotzer an 624 Gäscht online