Fotograf:
Eropgelueden: 19.05.2015
Gekuckt: 17698
Favoriten: 0
Kommentarer: 2
Beliichtungszäit: 1/80 sec
Blend: f/8
Brennwäit: 400 mm
ISO: 3200
Blëtz: No Flash
Beliichtung: -0.66666666666667 EV
Kategorie: Déieren »» Wëll Déieren
Extras:
2x Kenko Konverter, Chance an e bësse Lightroom fir d'verschaffen.
Fir anzesetzen: [pg_img=83076]
Kommentar vum Fotograf:
De Weekend ware mer an d' "hohes Venn" an der Belsch. Scho relativ spéit owes, wou mer eigentlech séier wollten op eng Plaz zréck fir d'Luucht vum Sonnen-ënnergang ze erwëschen, hu mer dun dës Grupp vu Wëldschwäin gesinn. Et war op enger ongeféier 8m breeter Gras-sträif, matzen am Bësch. Ganz lues hu mer eist Material néier geluecht, Ech hu mäin Tele mam 2x Konverter drop gemaach an dun hu mer probéiert e bësse méi no ze kommen - mee net ze no!
D'Foto ass net 100% schaarf well ech duerch de Konverter op f/8 direkt war, iso op 3200 a bei Brennwäit vu 400mm ass et dann trotz IS net einfach mat 1/80s d'Foto schaarf ze kréien. De Moment selwer hunn ech net bemierkt dass d'Zäit effektiv esou "laang" war soss hätt ech probéiert op manst nach op iso 6400 rop ze goen.
|
|
Neisten Benotzer:
wandaluciaiaAm Ganzen:
3727 1 Benotzer an
642 Gäscht online