Well bis elo keen eppes sot, schreiwen ech der eppes klengs heizou: Allgemeng si Blummen en oft fotograféiert Motiv, dofir komme se séier langweileg an oninteressant eriwwer. Dat mécht et ëmsou méi schwéier eng richteg flott a gutt Blummefoto ze maachen, eben grad well et e Motiv ass wat esou einfach ze fannen an ze fotograféieren ass. U sech ass et besser et sicht ee sech aner Motiver fir ze probéieren
Konkret zur Foto: Et wier besser fir d'Foto wann den Hannergrond méi onschaarf wier, d.h. wann deng Blend méi op gewiescht wier (Blend méi grouss, heescht e méi klengen f/ Wärt) Am Hannergrond stéiert ausserdeem ganz hanne riets dass de den Deel nieft de Beem nach mat drop hues, stéiert déi ganz Foto e bëssen.
Merci Johny fir deng Analyse.
Genau aus dem grond setzen ech photoen hei hin.
Als Ufänger sicht een sech Motiver, déi net ze vill wibbeleg sin
Ech wärt deng suggestiounen ëmsetzen.