Facebook
Twitter
Du bass nach net ugemellt. Mell dech gratis un
ëm wat geet et op Photogen.lu?
 

passage du train rapide (bis)

 
passage du train rapide (bis)
  • Fotograf:
  • Eropgelueden:
    23.02.2015
  • Gekuckt:
    18369
  • Favoriten:
    0
  • Kommentarer:
    6
  • Beliichtungszäit:
    8/10 sec
  • Blend:
    f/10
  • Brennwäit:
    40 mm
  • ISO:
    200
  • Blëtz:
    No Flash
  • Beliichtung:
    -0.33333333333333 EV
  • Gréisst:
    1200x800
  • Späicherplaz:
    737 KB
  • Originaldatum:
    2015:02:15 18:09:33
  • Fotoapparat:
    NIKON D700
  • Programm:
    Aperture Priority
  • Objektiv:
Kategorie: Architektur / Stiedt »» Nei Bauwierker
2. Kategorie: Bewegung »» Fortbewegungsmëttel
Extras:


Fir anzesetzen: [pg_img=82201]
Kommentar vum Fotograf:
Dës Foto passt bei
passage du train rapide

a soll de Géigesaz tëschent dem heemlechen historeschen Ënnerstand an dem modernen zweckméissegen Abri weisen.
Mat der Bea wollt ech déi funktionell a kal Atmosphär vum neien Ënnerstand nach ënnersträichen.
Béid Gebaier stinn iwwregens op därselwechter Gare, e schéine Kontrast!
OK-Photography 23.02.2015 - 17:48
hmm mengen dei 2 Fotoen niewteneen wieren immens flott - sou eenzel gekuckt spriechen se mech net "sou" vill un - mee ech gesinn dIddi an als Serie sinn se wierklech interessant ze kucken!
allerdings - dann missten se och allebeid am selwechten Faarwschema sinn...

Wees net ops de bei där heiter bessi roud an blo drop haas, mee wann, use it! closed_eye
Liicht desatureiert wei dei aner & beineen gesaat, giff ech daat engt respektabelt Resultat nennen! bigsmile

just meng Gedanken..... closed_eye
jorsch 24.02.2015 - 14:56
Ech si frou wann een sech Zäit hëllt e Bild genau ze kucken an dann och nach seng Gedanken opschreift! Villmools Merci! smile

Béid Biller sinn net matenee gemaach ginn an ech hunn se och noeneen verschafft. D'Iddi vun der Koppel ass mer eréischt beim Eropluede komm. Du hues Recht datt ee, wann ee se dann tatsächlech niefteneen hänke wëll, se faarflech upasse misst. Op se elo besser faarwech oder SW sinn misst een ausprobéieren. Si kréien natierlech méi Sënn an der Serie. Wann d'Geleegenheet sech bitt muss ech dat ausprobéieren.

D'Bild ass, wéis du richteg gesinn hues, en SW deen ech ganz liicht rout a blo getéint hunn.
Conley 23.02.2015 - 23:48
Ech gesinn et ähnlech ewéi den OK-Photograhie!
Am éischte Moment ouni ze léisen huet et een bëssen gedauert (eng bis zwou Sekonnen) bis ech gesinn hunn wat do am Hannergrond passéiert. Bewegung vum Zuch ass Dezent mat de Kontraster, an't Kontraster vum Abri zéien Aa den éischten Moment méi un. Wann Aa dat dann realiséiert huet dann fält de Bléck dann och op dat wesentlecht wat's de menger Meenung no hei wollt's weisen. Wann dat esou ass an ech Foto richteg no denger Opfaassung gesinn, huet se awer déi richteg Wierkung et muss een sech méi laang domadder beschäftegen!

Ech kéint mir een colorkey mat deenen dominanten Faarwen vum Zuch als Variant an enger Serie och nach eventuell virstellen. Me datt ass just eng Idee an muss net onbedingt gutt aus gesin!
jorsch 24.02.2015 - 15:10
Dir och villmools Merci gesot, datt s de der Zäit hëlls d'Bild genau ze kucken an dann och nach deng Gedanken opschreifs! Sou mecht PG Spaass! smile

Du hues Recht, hei fällt den Zuch eréischt op den zweete Bléck op, den Abri verdeckt en e bëssen. Dat ass zum Deel och den Ausschnëtt Schold, deen d'Haischen zimlech enk cadréiert. Méi Raum hätt dem Zuch gutt gedoen. Mä leider sinn direkt dernieft um Quai e Schëld an en Dréckseemer, am HG. kommen Äscht vu Beem, déi ech net ewechstempele kéint.

Wann een se als Koppel weise wëll, da muss een se effektiv faarflech upassen. SW, Colorkey, faarwech: muss een ausprobéieren.
pixelman 24.02.2015 - 07:49
Vitess perfekt dokumentéiert !
jorsch 24.02.2015 - 15:10
Merci pixelman, dir de Kommentar an de Fav.!

(Passwuert verluer)

Foto vun der Woch

Early

Eis Partner

LecuitVision

Am Moment online

Keen Member online
 
 
Neisten Benotzer: Javi
Am Ganzen: 3725
keen Benotzer an 443 Gäscht online