Et deet mir leed, mais leider ass d'Photo net scharf. Ech wees net obs du en Stativ benotzt hues (waat ech éichter net gleewen) oder se aus der Hand geschoss hues.
Kuck emol dem Schluck seng shots un, dann geseis Du waat schaarf ass.
Kuck engkeia mat wat de Schluck knippst an wat hien hei benotzt heut, do muss en fair bleiwen an soen dass dat net esou schlecht ass mat da Nikon 1 V3 !!!!
Merci fir däin Kommentar
Ech sinn ëmmer op fir sachlech Kritiken an dass du d 'Schäerft kritiséiers, ass ok.....
mä dass du mech mam Schluck vergläichs ass egal wat.
Ech kennen den Schluck, säin Material an seng Fotoen , mir hunn eis schonns um "Lac du Der" getraff, mä et ass net jiddereen bereet fir souvill an Material ze investéieren.
En ab engem gewëssen Alter well een keng onnéideg Kiloen Stonne laang méi ronderëm schleefen.
Ech wollt mech op denger Säit emol inspiréieren an do sinn ech enttäuscht ginn......
Näischt fir ongutt....
Dein leschten Saatz beweist ganz gutt wéis Du mat Krikit emgoen kanns..nämlech guer net !
Scharf ass scharf, an domat huet et sech (fir mech jiddenfalls).
Mir gefällt Deng Mäischen, se ass dach ganz anschaulech, an dem Ornitho muss ech Recht gin, ët kann een nët Äpel mat Biren vergläichen, en plus sin déi Doten extrem wibbelech