Facebook
Twitter
Du bass nach net ugemellt. Mell dech gratis un
ëm wat geet et op Photogen.lu?
 

Stage Jonglenster_01

 
Stage Jonglenster_01
  • Fotograf:
  • Eropgelueden:
    05.02.2015
  • Gekuckt:
    29188
  • Favoriten:
    0
  • Kommentarer:
    13
  • Beliichtungszäit:
    1/100 sec
  • Blend:
    f/5
  • Brennwäit:
    75 mm
  • ISO:
    n/a
  • Blëtz:
    Compulsory Flash, Return light detected
  • Beliichtung:
    -0.33333333333333 EV
  • Gréisst:
    1329x2000
  • Späicherplaz:
    564 KB
  • Originaldatum:
    2015:01:31 16:38:55
  • Fotoapparat:
    NIKON D300S
  • Programm:
    Manual
  • Objektiv:
    Nikor 50mm
Kategorie: Mënschen & Emotiounen »» Expressioun  
Extras:


Fir anzesetzen: [pg_img=82027]
Kommentar vum Fotograf:
Een gelongenen Photoshoot zu Jonglenster
Stage 2015 01 31
Jaycee 05.02.2015 - 13:38
Sauf mon respect, awer vill schéins de bei dem Stage nët geléiert ze hun... roud Aan, ënnerbeliicht, Schlagschiëd...
micky-maus 05.02.2015 - 20:12
Ma daat dooten huest Da awer gaanz diplomatesch ausgedreckt Jaycee... Awer hues Recht.

Zora 05.02.2015 - 18:08
hoffen hues näischt missen bezuelen, fir den Rescht genau waat Jaycee seet...
micky-maus 05.02.2015 - 20:12
Hunn och eng d300s, ann doo ass gaaanz vill mei dran fier Fotoen ze maachen.
Leider sinn op deser Opnahm alleguerten dei Uufängerfehler dran dei een bal nemmen maachen kann.
Fier den Schlagschied riets ze vermeiden onbedingt mat externem Bletz indirekt Bletzen. Hei ass mat dem intigreiertem Bletz geschafft ginn. Doweinst och dei roud Aaen. Dei verschwannen ganz mat indirektem Bletz Rischtung Plafong.
Kuck och hei, besser erklärt:
https://www.youtube.com/watch?v=WN9qIXAT1Nc


Foto ass net schäerf. Bei esou Fotoen den Autofocus NIE op Automatick stellen awer den Schalter lenks ennen op "S" stellen, ann deen klengen Dreihschalter(Zw. LV an Info) ant Mett. D'Aaen schäerfstellen biss ett piepst, Knätonguechen gedreckt haalen bis gudd cadreiert ass ann ausleisen. Dann misst ett och mat der Schäerft klappen.
Kuck hei, ganz interessant ann gudd erklärt:


https://www.youtube.com/watch?v=jgEBCmQ9_mQ

Dain Cadrage ass net gudd. Probeier d'Motif net voll ant Mett ze setzen awer op 1/3 ze placeieren.
Och hei een flotten Tutorial:


https://www.youtube.com/watch?v=Qfe_HuVqbrM

Hoffen bessi kennen ze hellefen, kuck Du Dier d'Videoen mol unn. Wann Froen doo sinn einfach op äntworten klicken ann schreiwen. Hei sinn opallefall vill Leit dei kennen hellefen.

M.b.G.: m-m
EssEmm 05.02.2015 - 22:59
daat do ass genau daat waat ech op sou Workshops haassen --> daat rondrëmgeknips wann een 'nët un der Reih ass'.

ausser datt een méih wéitwenklech probéiert en 'making of' ze machen (ouni Blëtz .... fir d'Model an Fotograf nët ze stéiren!) - ass bei sou Geschichten nach nie eppes Gescheits un Foto rauskomm.
OK-Photography 05.02.2015 - 23:10
joah, ass bessi schwirig ze managen wann se all matneen wellen lassleen. Do kann een nach sou gudd Technik um Start hunn, wann een keen Bletz huet, ass duerno d'Resultat net gudd. -> dei Foto hei ass mam built-in flash gemaach, do hat den Studio naischt dermat ze dinn - an jopp, eis Erklärungen sinn leider hei net emgesaat ginn. smile

Allerdings muss ech soen dass mer ganz wuel brauchbar Fotoen gemaach hunn, dei heiten zwou wuel maximal schlecht gewielt sinn.

Wéis du sees, ass et wuel besser dann een propperen Making-of ze maachen.


Ech hoffen et lueden nach puer aner Lait hier méi gelongen Fotoen rop, ech fir main Deel sinn mol net dozou komm eng eenzig Foto ze maachen.
EssEmm 05.02.2015 - 23:31
ech glewen datt gudd Fotoen am Cours rauskomm sinn (an verstinn nët firwat grad die hei - an nët déi wou mam Studioblëtz gemach ginn sen vun him gewisen ginn) - mais mech nervt ët einfach nëmmen wann der an der Grupp sen déi sech nët un d'Spillregelen halen. sou Sachen weisen keen Respekt vis-à-vis vun den aneren Participants - an virun allem och nët vis-à-vis vum Model. meeschtens sinn ët jo Models mat wéinig Erfahrung déi duerch sou Geschichten immens ofgelenkt an och veronsëchert ginn. daat brengt Kengem eppes closed_eye

menger Ansicht no gët ët do nëmmen Solutioun datt wierklech d'Knips an den Eck geluecht muss ginn bis datt een selwer un der Reih ass ze shooten.
micky-maus 05.02.2015 - 23:45
Nuu bon, mengen hei hunn ech eppes falsch verstaan....
Esou ewei ett ausgesait sinn dei Saachen joo schon alles erklärt ginn op dem W.S., dei ech hei ennen drenner versiicht haat ze schreiwen....
Apropos making of:
Workshop zu Jonglenster

Awer ouni Bletz ann während enger Paus closed_eye Ann ech muss Dier doo 100% Recht ginn. cool
Jean-Jos 06.02.2015 - 00:48
Très bien!
OK-Photography 06.02.2015 - 12:28
jop, wier wuel dei beschten Léisung - allerdings: mir hunn eis beim Workshop drop konzentreiert wéi een alles opriicht an wéi een dann domat schafft - mettes den "Praxisdeel" war just geduercht fir bessi ze gesinn wei dat dann lo an der Realiteit funktionneiert, et ass kloer dass dat net een "shooting" am eischten Senn vum Wuert kann ginn. (DEN kann een jo zu all Zait alleng an fir sech plangen, mam Wessen wat een vum Workshop aus matbrengt) closed_eye

Merci micky-maus fir d'Erklärungen! sinn ongeféier dat wat mir och duerchgeholl hunn an ech sinn frou ze gesinn dass de der d'Arbecht mess dat sou am Detail ze erklären!

Ech noteiren mer fir den nächsten Workshop dann dat hei Gerät tongue
nda 06.02.2015 - 13:26
Genausmile
...der Gerät! closed_eye
nda 06.02.2015 - 12:23
...net opreegen smile
@EssEmm: ech gin der an engem Punkt Recht: daat Gewusels an wëllt erëmgeknips as zum Deel ustrengend, et war aber och lo net esou schlëmm dass ech deen Daag näischt hät kennen bäiléieren...
@Oli: Merci fir deen Workshop, an: Richteg, et waer ganz flott wann een e propperen "making of" géing maachen.
@ Micky-maus: ech fannen et gudd, dass de op eng konstruktiv Art a Weis op Fehleren hiweis, an via Links Verbesserungs-tutorials opweis, ech sin daer Meenung, dass des Säit d'Leit soll motivéieren gudd Foto'en ze maachen, an sech ze verbesseren...
an deem Sënn, schéinen Daag fir Iech all,
nda
OK-Photography 06.02.2015 - 12:30
(den John huet puer Making-of Fotoen, dei och demnächst an enger Galerie online ginn, dofir ass gesuergt smile )

an du weis jo selwer ganz flott wei et "nach" um Plateau ausgesinn huet: Sandy@Photogen_Workshop

(Passwuert verluer)

Foto vun der Woch

bei den Beginen

Eis Partner

LecuitVision

Am Moment online

Keen Member online
 
 
Neisten Benotzer: Javi
Am Ganzen: 3725
keen Benotzer an 635 Gäscht online