Merci Jeanny
als Foto gefällt mir och 2 am Beschten, d'Vue vun der éischter ass awer schrecklech impressionant, wanns de do de Bierg erop gefuer kënns, ech war bal géckeg gin, a keng Plaatz fir haalen ze bleiwen
Merci Georges, du wärs et net regrettéiren dohin ze fueren
unzerooden ass dann och den Hotel-Restaurant la Favorita
Am beschten e puer Deeg Zäit huelen an d'Hannerland och direkt hannert Monaco nach erfuerschen, interessant:
Peille, Col de la Madonne, St. Agnes, Dolce Aqua, alles einfach faszinant aal Welten net wäit ewech vun de Plagen wou se wi d'Rollmopse leien a keng Ahnung hunn, wéi schéin et dach e bessi hannendrunn ass. Do ass ee praktesch em 1 Joorhonnert, wann net souguer méi zréck versaat.