d'Opléisung ze niddereg? Mengs de di 332 KB bei der gréisst 1661x1100? Ech sinn lo sécher keen Technikfreak, Foto ass keen Ausschnëtt. an Photoshop oder och Lighroom rechent jo eng verklengung Optimal an der beschter Qualiteit aus. Oder leien ech do Falsch?
Mega flott Foto. Eng flott Oofwiesselung hei op PG....
Hunn guer keng Ahnung wei des Foto entstaan soll sinn, gesait awer mol noo vill Arbecht aus.
Main Respekt.
michy-maus et ass ganz einfach (awer Tüftelen an ausprobéieren muss een schonn) een schwaarzen Bakblech mat Waasser opgefëllt an aus dem Gaart den leschten Som vun enger Pissblumm den ech nach fonnt hunn, op eng Magnéitesch Plack mat vill gefummels gepecht (vill Versiche mat dënn Filigranen gedöns waren do néideg) An een externen Blëtz ass vum internen Blëtz gesteiert ginn. Den ech hanert engem wäissen Rollo mat Difuser verstopp hat. Bei där richteger Astellung, Wénkelen vun der Kammer an vum Blëtz kriss de dann och een schéint weist Waasser. Bea. gefillten 200 x Dréck gestempelt! Merci fir däin Respekt michy-maus!!