Keng ambitiös Architektur fir wat Georges? Et Spillt un sech keng Roll fir mech wat Architektur ubelaangt! An der Fassad sinn schéin Strukturen an harmonesch Faarwen, uwenn eng Monoton gläich Ausriichtung (oder Spigelung sou ze soen) vun de Fënsteren an ënnen hieft sech Monotonie op, wat mir gutt gefält. De Luuchtepotto mécht de Cadrage besonnesch oder och aus, an geet dem Bild och nach eng gewëssen Déift!
Villmool Merci fir deng detailéiert Analys.
Dat hei ass d'hënnscht Façade vun engem öffentleche Gebai zu Frankfurt.
Mir hunn d'Faarwen an d'Opdeelung vun de Formen an der Façade gutt gefall. Mä ech weees net op dat elo achitektoneschen Zoufall ass oder duerchduecht ass. Jiddefalls steet des Façade an enger Niewestrooss mat vill Verkéier wou ( normalerweis ) kee stoe bleift fir ze kucken.
de Luutepotto steiert mech e bessi ... an awer ass et gudd dass deen do ass, well et eng bestemmt monotonie zestieiert an esou eng Spannung dran brengt... Den thomas struth ass an daerer Linn.. geif ech mool e bessi studeiren fir ze gesinn ewei hien ... dei urbanistesch banaliteit duerstellt
Ouni Lutepotto ass d'Bild en Tableau an zwou Dimensiounen. Dofir irritéierten e bëssen. Bréngt awer och Spannung ran.
Merci fir den Tip Thomas Struth, wäert dat sécher studéieren!