D'Idee souwéi den Kadrage gefällt mer ganz gudd.
D'Format vun denger Foto fannen ech ze kleng hei gewisen. Den Päiperlek ass mer en tick ze blatzech an d'Qualitéit fannen ech net besonnech gudd. D'Rauschen stéiert net esou mee am mettleren Bereich hues du zimlech stark TWA's, wat engem opfällt wann een d'Foto e bessen méi lang kuckt. An am Groussen geseit een dat warscheinlech nach besser.
Merci Jacques, datt s de der Zäit geholl hues d'Foto genau ze kucken an e präzise Kommentar ze schreiwen! Freeë mech datt d'Iddi an de Cadrage der gefalen!
E puer Bemierkungen:
Allgemeng:
D'Foto soll eng Stëmmung erëmginn an net eng dokumentaresch Foto vun engem Schachbriet-Päiperlek sinn. De Päiperlek ass just Eyecatcher.
Format:
Fréier hunn ech all meng Biller just mat 800px eropgelueden, elo mat 950px. Besonnesch bei engem Bild wou et op d'Gesamtwierkung ukënnt gesinn ech net an, wéisou se nach méi grouss soll sinn.
Päiperlek ze blatzech:
Am Original ass en nach méi blatzech, méi Schäerft a Kontrast géif e wéi opgepächt wierke loossen.
Qualitéit:
D'Foto ass direkt an d'Sonn fotograféiert ginn!
TWA:
Sinn am Original Tiff-Bild net ze gesinn. Froe mech op dat net einfach eng Konsequenz vun der jpg-Kompressioun bei deenen douce Faarfiwwergäng ass.
Ech fannen Stëmmungsbiller soen net dat aus, wann se esou kleng gewisen gin. (Ass awer just meng Meenung.)
Ech hun mol probéiert eng kleng Korrektur vun den Metteltéin an den Déiften ze machen an doduerch kriss du den enneschten Deel vum Bild e bessen méi donkel an d'Foto wierkt net esou blatzech iwert dat ganzt Bild. Bei esou Farwiwergäng kriss du ganz oft deen Banding an d'Bild wans du et an jpg emwandelst. Du kanns et awer versichen ze ennerdreken andeemst du kontrolléiert rauschen an deng Foto brengs z.b am PS wous du verschidden Méiglechkeeten hues. Dat ass net einfach an ass bei all Foto verschidden. Hun mech schon oft lang dermatt amuséiert an et och schon oft opgin
Mee wéi gesoot et ass eng a.d.g.
Mir gefällt se ganz gudd an wéi's du och geschriwwen hues soll et en Stemmungsbild sin. Vir mech get d'Moies-Stemmung héi op alle Fall gudd vermettelt. Waat ech och emmer flott fannen ass wann een dem Fotograf séng "Perséinlechkéet" erkennt...daat ass bei dir zweifellos den Fall well wéi ech d'Foto an ver Virschau am klengen Thumbnail gesin hun woor ech schons sécher dass et eng vun dir wär
Ech hat vir dei gestemmt, opweul ech als Eicht eng Anner vun Dir Favoriseiert hat , mee dei heiten hat awa irgend wou sain spezialt.... wat halt peur Leit och sou werten gesin hun wei Esh, an dofir heutse WF op jiderfall verdengt