Hei hat ech den Haida ProII ND1000 drop. Tiptop an net ze deier. Liichten Hang zum Blostéch, deen een awer an der RAW-Entwécklung problemlos korrigéiere kann.
..eng ganz flott Serie, woubäi béid Biller hir Berechtigung hun. No.1 ass wuel e bëssen speziel, brengt awer déi meeschten Dynamik a Spannung eriwwer. Mir gefällt deng Serie exzellent.
Merci marker.
Mir huet di 1. am Fong och besser gefall, méi dynamesch. Di aner ass méi brav. Uewen op deeër Plattform ze hantéieren an d'Mier am A ze behalen war ganz spannend.