Ech machen all Opnahmen am Raw-Format an bei Géigeliicht meeschtens mat Ennerbeliichtung vun bis zu 1er Blend.
Soumat huet een am meeschten Reserven bei der Bildbearbechtung um PC.
Leiwer ënner- wei iwerbeliicht. Aus den donklen Deeler kann een um Computer méi eraushuelen wéi aus den hellen. En Himmel z. Bsp. dee verbrannt an ouni Struktur ass kann een nët méi retten.
Eng aaner Méiglechkeet ass Spotmiessung. Hei ass de Risiko en iwwrbeliichten Hannergrond zei kréien awer grouß.
Am beschten ass et hei einfach ze Experimentéieren an doraus Erfahrungen ze sammelen.
Merci fir Informatiounen, ech testen daat dann besi demnäckst wann ech erem Zeit hunn. Fannen allegmeng dat et mat der Beliichtung um Waasser net einfach ass, duerch daat ganzt Waasser waat remderemsprutzt. Pobeiren mol eng Keier mat Spotmiessung
Salut Tess
Deng Fotoen sinn net schlecht fir den Ufank !!
Awer wann du aus dem Boot Fotograféiest geng ech emol mat enger 2,8 - 3,2 probéieren, dann gëtt den Hannergrond e bëssen méi onschaarf wat dann dem Border ze gutt kennt ! an och dech emol an Boot leen esou déif e wéi méiglech,
du hues bestëmmt och bemierkt dass Fotoen eng säit besser ginn wéi déi aner ( Musel erop oder erof ) ëmmer déi bescht Richtung Fotoen maachen,
ech sinn sécher dann klaapt et MBG Val Wakeboard 2013
Salut Val
Alles waat weit hannert dem Boot war hun ech mat 2.8 fotografeiert. Vleit hunn ech nach eng aaner Anstellung falsch. Den Surfer hannert dem Boot hun ech missten mat mengen klengen objektiv huelen 28-135mm 3,5 - 5,6. Hun leider nach keen Geld fir en bessert. Daat am leihen pobeiren ech näckst Keier.
Am leiwsten knippsen ech wann Waassersportler vun der Sonn beliicht ginn, fannen dei am scheinsten. War deng Fotoen kuken, dei sinn wirklech super.
Merci fir dei vill Tipps Ass een Sport deen mech richteg reitzt ze fotographeiren
Dann eben nach e bëssen Spuren !
Awer déi bescht Wakeboard Fotoen soll een ëmmer Owes oder mueres maachen.Dat ass awer net einfach well déi meescht Kompetitiounen ëmmer Mëttes sinn ! Awer nach ëmmer am Beschten wann guer keng Sonn ass