Ech fannen dat iegrendwéi nach eppes an der Foto feelt/ze vill ass. Du hues zwar en gudden eye catcher duerch d'Faarf, mee z.B. d'Baugerüst am Hg lenkt ze vill of, an d'Liicht géint Mëtteg ass am Allgemengen ni wierklech glécklech. Ech mengen hei wier mat engem aner Point de Vue oder zu enger aner Auerzäit eng besser Foto méiglech gewiescht.
merci Bob, mech huet d'Gerüst och gestéiert an d'Auerzäit konnt ech mer leider net eraussichen, ech war mat engem Grupp do, an do ass een zimlech ageschränkt, waat wierklech schued war. Doruechter laafen ass och net gaang, soss hätt ech de Rescht vun de Leit verluer.
Bon ech hunn alt versicht dat Bescht aus der Situatioun erauszehuelen
besser wier et de Baak ze haalen, wéi sou saublöd Remarken ze maachen
nach ëmmer net bekeppt ??
eng goldene Regel gëtt et net!!!
et gëtt eng Drittel Regel an e goldene Schnëtt
vläicht mol informéiren ier een sou domm Kommentare komme léisst,
munch aaner Memberen liesen wuel och deng Dommheeten hei,
kee Wonner, dass bei Denge Knipsbiller nie e Kommentar ass,
a wann dann mol een ass, grins,....da vertsees Du en mol net, an all Mensch laacht sech kapott!!
see comment Shanti...herrlech!!
verschidde Leit di Dir wollten hëllefen sinn, net sou onbekannt als gutt Fotografen, déi och scho Bicher erausbruecht hunn,
emmer haas Du eng domm Äntwert parat,
...nujee kuck emol weider ,
vläicht liese mer geschwënn eppes an der Zeitung iwwert de gudde Fotograf Patrick63