Facebook
Twitter
Du bass nach net ugemellt. Mell dech gratis un
ëm wat geet et op Photogen.lu?
 

via crucis

 
via crucis
  • Fotograf:
  • Eropgelueden:
    17.04.2014
  • Gekuckt:
    10801
  • Favoriten:
    0
  • Kommentarer:
    9
  • Beliichtungszäit:
    1/640 sec
  • Blend:
    f/7.1
  • Brennwäit:
    70 mm
  • ISO:
    200
  • Blëtz:
    No Flash
  • Beliichtung:
    0 EV
  • Gréisst:
    1000x666
  • Späicherplaz:
    526 KB
  • Originaldatum:
    2014:04:16 09:11:37
  • Fotoapparat:
    NIKON D700
  • Programm:
    Aperture Priority
  • Objektiv:
Kategorie: Mënschen & Emotiounen »» Street  
Extras:


Fir anzesetzen: [pg_img=77914]
Kommentar vum Fotograf:
Zwou eeler Damme kommen aus der Kierch, wou se an der Gemeinschaft vun den Duerffraen de Kräizwee gebied hunn.
Virun e puer Deeg an engem klengen Duerf am Norde vu Portugal erlieft.
( Klicke w.e.g. )
Bob76 17.04.2014 - 16:16
Fannen déi Perspektiv super. De cadrage ass a mengen Aaen super gewielt, och doweinst weel d'Spueren am Sand de Bleck an d'Déift vum Bild eranzéien. Gudd.
jorsch 17.04.2014 - 21:23
Merci Bob76, freet mech wa se dir gefält.
Metalbambi 17.04.2014 - 18:29
Béis! Coolen Kontrast, super Opbau, gefält mer richteg gutt.
jorsch 17.04.2014 - 21:24
Merci Metalbambi, dat freet mech!
Maimonides 17.04.2014 - 20:57
A wou waren déi Zeit
d'Duerfmänner ?

closed_eye

"via crucis" ass vileicht e bessen iwerdriwen.

Deng Foto, jorsch,
gefällt mir super.
jorsch 17.04.2014 - 21:36
Merci fir däi Kommentar Maimonides.

"via crucis" bezitt sech a priori net op di zwou Fraen.
Ech war an der Kierch an engem Duerf am Honn hannen a Portugal, wéi op eemol Fraen era koumen fir do de Kräizwee ze bieden. Si hunn di 14 Statiounen gebied, an dat ouni Pastouer. Eng Fra huet virgebied, di aner hunn ofgehol. Ech hunn ( passiv ) un deeër Zeremonie dierfen deelhuelen. Aus Respekt virun dem religiese Gefill vun de Leit hunn ech keng Foto gemaach. Ech war frou wéi ech duerno dës Foto konnt maachen, déi d'Leit net blousstellt an awer d'Stëmmung vum Moment erëm gëtt.
Wou d'Männer ware weess ech net: um Feld, am Stall ... am Bistro? smile
Maimonides 18.04.2014 - 21:13
Du weess et nach ze gutt, jorsch.
closed_eye

"Um Honn hannen",

dat sin di flottste Grenzen !

marker 20.04.2014 - 08:55
..flotten Bildoppbau jorsch, ..fir mech sin awer d'Schieter vun deenen zwou Damme de Clou an dësem Bild.
Ganz gutt esou.
jorsch 21.04.2014 - 08:31
Merci marker, d'Schieter gefale mir och.

(Passwuert verluer)

Foto vun der Woch

Passerelle

Eis Partner

LecuitVision

Am Moment online

Keen Member online
 
 
Neisten Benotzer: MandyM
Am Ganzen: 3726
keen Benotzer an 670 Gäscht online