Flott Serie, interessanten Archiv
All Auto eigentlech ze schued fir esou ze "quälen".
Ford...waat ass daat fir en Schnorchel an der Fenster ? oder ass et en Bletz an den Beifuerer mecht onboard Fotoen ? *grins*
Eischter "Artgerechten Auslaaf" fier dei Denger, Dofier sinn se gebaut ginn. Dei sinn, fannen ech, ze schued fier am Musee ze verstepsen. Dei Jongen ann den deieren Keschten fueren villaicht breed ann spektakulär awer net schnell ann och Materialschounend. (Slowly sideways heescht daat)
Deen Schnorchelbletz doo hunn ech keng Ahnung....
Deen "Schnorchelblëtz", wéi dir en nennt as näicht aaneschters wéi eng Méiglechkeet fir en beschen frësch Loft an den Auto ze kréien.
Vue dass d'Grupp-B Autoen keng Serienproduktioun virausgesaat hun as nët vill op d'Isolatioun tëscht Motor an Passagéierraum Wert geluecht gin. Dofir as et an deenen Këschten den Summer immens warm gin. Ech kann der en Liddchen dovun sangen well ech selwer mol als Co-Pilot an engem Grupp-B Mazda RX7 eng Rallye matgefuer sin. As wéi an enger Sauna! (Vun den Auspuffgasen guer nët ze schwätzen)
P.S Genee sou een Schnorchel gesäis op der Foto mam Lancia uewen um Daach.
Jo, zu Hëperdang. D'Joer genau wees ech nët méi. Awer nët mam Claude, mais mam Patrick Schumacher. Den Claude as demools op engem Mazda 323GTR gefuer.
Ech muss mol kucken, hunn nach een Dia Doheem trellen mat dem Rx7 wou den Spoiler fier agedreckt ass. Leider schlecht Quali. Wann ech se fannen schecken ech se Dier.
Jaaa, genau esou Häer Taddei,
demols haaten Rallyautoen nach Häerz ann Seil, ann gebrellt hunn se ewei Deieren. Haut sinn ett gepimpten Poloen, Hyoundaien, Skodaen etc. villaicht sauschnell awer keng esou Faszinatioun mei fier mech ewei dei aal doo.