Facebook
Twitter
Du bass nach net ugemellt. Mell dech gratis un
ëm wat geet et op Photogen.lu?
 

Yasser

 
Yasser
  • Fotograf:
  • Eropgelueden:
    14.11.2013
  • Gekuckt:
    11626
  • Favoriten:
    0
  • Kommentarer:
    20
  • Beliichtungszäit:
    n/a
  • Blend:
    f/n/a
  • Brennwäit:
    n/a mm
  • ISO:
    n/a
  • Blëtz:
  • Beliichtung:
  • Gréisst:
    607x850
  • Späicherplaz:
    337 KB
  • Originaldatum:
  • Fotoapparat:
  • Programm:
  • Objektiv:
Kategorie: Allgemeng »» Doku an Reportage
2. Kategorie: Allgemeng »» Doku an Reportage
Extras:


Fir anzesetzen: [pg_img=75721]
Kommentar vum Fotograf:
Wor ett Plutonium?
Metalbambi 15.11.2013 - 00:29
Wat ass den Sënn vun dëser Foto hei? Se ass net gutt, dat weess de mengen ech selwer. Se gëtt just interessant duerch d'geknipsten Persoun, an dat ass jo lo sécher net d'Iddi hannert Photogen.
MagicHokusbokus 15.11.2013 - 23:22
Merci leiwen Bob Bamberg, wanns Du eng besser fun him hues da breng se mol. Wa nett, dann gett schweier well da kennen mer se jo nett objektiv matteneen vergleichen. De Bletzschied, dé steiert mech och énorm wann ech wei haut opgeluecht d'Hoer den laange wée schneiden. Ech hun nach kéen (och kéen letzebuergeschen) Tramsschaffner begeint dén den Yasser point blank ze knipsen kritt haett well eier den geknipst haett waer en ausgeknippst ginn. Villeicht ass jo den Senn derhannert dass ett nett onbedengt emmer e Senn hannert alles an all Foto muss ginn, (ech wées daat géet oft den Heichstrahlenfrequenztechniker nett duer) well soss kriist Du nach héi oder soss am Liewen Mippercher wanns Du bei alles de "Senn" hannerfrées...
Metalbambi 16.11.2013 - 10:06
Et geet net drëms ob ech eng besser hunn, soss dierft hei bal keen iergenteppes kritiséieren. D'geet drëms dat Photogen dofir do ass vir besser Fotograféieren ze léieren, an net vir ze weisen 'kuck ech hunn den Arafat geknipst'. Virun allem wann et wéi hei einfach eng schlecht Foto ass. Du kanns näischt léieren wells de weess dat se net gutt ass, an och keen aneren kann eppes heirauser léieren well se näischt als Referenz daacht. Wanns de wëlls gesinn wéi dat och anescht geet da géi mol dem Klex seng Foto vum Costner kucken.
MagicHokusbokus 17.11.2013 - 00:59
Genau do dremms géet ett. Ett ass einfach eppes ze zerreissen wann én selwer daat nett op d'Lé brengt. Waat én matt der enger Persoun ka maachen géét nach laang nett matt der aanerer. Bei all denger Kritik ass Dir nett mol obgefall dass kén Bletzschied fum direkten vertikale Bletz ze gesinn ass...
Metalbambi 17.11.2013 - 02:10
Ech fänken lo keng Diskussioun mat der un ween déi besser Portraiten mécht, hoffen mol dat dat net den Niveau ass... sad'

An natierlech ass keen Schied vun engem 'vertikalen direkten Blëtz' do, dat wier nämlech deen deen direkt iwwert sengem Kapp géif hänken.
Ech weess iwwregens och net wat 's de mat 'Hoer den laangen Wee schneiden' mengs an wat en 'Héichstrahlenfrequenztechniker' ass, wann's de nach weider op menger Dommheet wëlls rondrëm reiden.

Wann Interessi besteet kann ech der eng detailléiert konstruktiv Kritik zu dëser Foto schreiwen, mee ech mengen domadder stoussen ech op daf Oueren. En 'Cool! Du hues wierklech den Arafat virun d'Lëns kritt! Schéin Foto, Respekt!' ass jo éischter wat's de héieren wëlls. closed_eye
Schluck 17.11.2013 - 20:26
Déi Foto steet ënnert Doku an Reportage ... Ass alt rëm klassech fir den super Site héi... Déi den Baack am gréissten obrappen sinn déi di am mannsten obzeweisen hunn. Eng richteg gutt Foto hunn ech vun dir Bambi nach keng gesinn! Awer ëmmer grouss bei denen anneren meckeren bigsmile
Metalbambi 17.11.2013 - 23:01
Dofir hunn ech jo och op dem Lex seng Foto verwisen an net op meng... closed_eye
OK-Photography 18.11.2013 - 00:43
jop "do geet méi" closed_eye

Kevin
MagicHokusbokus 17.11.2013 - 20:58
...sorry mé daat matt dem Bletzschied ass falsch verstaanen ginn: dé wier da riets oder lenks fun der Persoun, mein bletz ass genau koaxial matt dem objektiv a faellt hanner d'persoun...well ech mir schons zenter laangem selwer schinnen zesummengeschwéest hun déi ech fir déi gängeg Brennweiten adaptéiren kann...lo verstaanen?
Metalbambi 17.11.2013 - 22:59
Jup, mengen kann mer do eppes drënner virstellen.
Problem sou ass dat d'Luucht awer ëmmer nach ze haart vun vir kënnt an doduerch zimlech ongënschteg ass. Wat an sou Situatiounen besser ass, ass indirekt iwwer en helle Objet (Mauer, Plafong,...) ze blëtzen, an wann dat net geet sou en klengen Diffuser op den Blëtz ze setzen.
OK-Photography 18.11.2013 - 00:10
Moien,

ech hunn mech hai, ähnlech wei den Bob och, nom Zweck vun der Foto gefroot. Et ass een Portrait vun enger bekannter Persoun, an main Respekt dass de eng Foto vun him hues kriss de. Allerdings: d'Foto ass vum technechen Aspekt hier wierklech net sou daat. Mat Bletz mei oder manner frontal dropgehaal an (vermutlech) stark gecroped ass net ideal - an vun dem Standpunkt hier sollten mer eis eenz sinn, GEET MEI. (d'EXIF fehlen, wat engem och net weider heleft)

Ech huelen also un dass de des Foto NET weis fir groussarteg Kritik drop ze kreien - an wees also iwwerhaapt net waat ech der hai soll schreiwen. Se weisst mer op allefall net dass de schmeichelhaft Portraiten mess... closed_eye

Wier interessant eppes zu dengen Beweeggrenn ze liesen amplaatz hai eng Diskussioun zu "wien bass du an wat erlaaps du dir" ze féiren, wat bessi lächerlech ass, wou mer dach hai ennert Erwuessenen Lait eng gescheit Konversatioun SOLLTEN hinkreien *Saitenbleck Schluck* (wierklech?) closed_eye
Schluck 18.11.2013 - 08:22
Wees de OK-Photography .. Eng GESCHEIT Konversatioun hunn ech héi schon laang net méi erlieft. Dass du och elo nach déin Pefferkär beilees bestätegt et alt erem ... Déi, déi den Baack am gréissten obrappen vun IERCH sinn déi, déi am mannsten obzeweisen hunn.

Jiddereen huet dach d'Recht héi ze posten wat en well. An eng konstruktiv Kritik war dat jo och net. Dat ass jo genau sou wéineg den Senn vum Site .. oder ?

Firwaat ass se dann net gutt ? Dann mussen do awer och argumenter kommen an net eng toppesch Remarque.

Souwéit ech gesinn ass den Kadrage an der Réih wou ass den Problem ? Se steet ennert Doku an net ennert Studio Portäit ... du hues jo keng Ahnung ennert wéi engen Emstänn déi Foto do enstannen ass.

Ech kann der lo 100 Fotoen héi weisen déi an denen läschten Méint eropgelueden ginn sinn déi méi schlecht sinn wéi déi héi .. wou sinn dann do aer konstruktiv Kommentaren. An virun allem vunn Léit déi reischt unfänken an Hellef brauchen, mais do schréiwt jo keen eppes vun IERCH.

Déi Zäiten wou een héi eppes béigeléiert huet sinn souwisou LAAAANGGG erriwwer.
micky-maus 18.11.2013 - 08:54
Merci Schluck.... Sinn mol erem 100% Denger Mehnung!! All dei Leit dei mier virrun gehollef hunn (Gaga, Gianni nemmen fier 2 ze nennen) sinn aus dem Grond doo, hei fortgelaaf. Schued unhappy
micky-maus 18.11.2013 - 09:26
Sorry, awer den rischtegen Numm vum magichokusbokus huet hei naischt verluer. Menger Mehnung well hien anonym bleiwen soss hätt hien sain Numm och op senger Sait stoen. Een absoluten NOGO. Schlemm ann mengen Aaen.
Metalbambi 18.11.2013 - 10:24
Huet en, direkt ënnert sengem Nickname. closed_eye
Schluck 18.11.2013 - 10:33
Dat nënnt een Mëssbrauch vun den Comité's Informatiounen wëll nëmmen doweinst gesäis DU den Numm!
MagicHokusbokus 18.11.2013 - 10:53
NEGATIV, "HIEN" HUET SEIN NUMM HEI NETT, WIDDDERHUELEN, -NETT- UNGINN. "Hien" huet lo grad daat héi aenneren geloos an "hien" kruut och erklaert ewei daat méigelech wor. Anesou eppes ass onerhéiert. Der CNPD géifen d'Hoer zu Bierg stoen. Ka just hoffen dass esou dérapagen nett méi firkommen well esou eppes ass bestemmt nett weder AM - nach DE senn fu Photogen.
Metalbambi 18.11.2013 - 11:00
Ok, dat war effektiv onglécklech, 'tschëllegt! unhappy
OK-Photography 18.11.2013 - 11:08
Main Fehler, war een internen Script den dofir gesuergt huet dass een den gesait - an dorun hat ech kuerz net mei geduercht, ass geännert, an get och intern geännert.
Jean-Jos 06.12.2013 - 22:53
Déi Foto ganz soft a sw konvertéieren an de Portrait gefällt (mir op alle Fall) direkt vill besser (jo ech hu mir erlaabt et ze probéieren).
Ech fannen et doriwwer eraus als Doku pas mal du tout - ëmsou méi d'Thema wat den MagicHokusbokus uschwätzt ganz aktuell ass - a wär frouh esou Geléenheeten ze hun... a firwat nët se da weisen...

(Passwuert verluer)

Foto vun der Woch

bei den Beginen

Eis Partner

VisionLecuit

Am Moment online

 
 
Neisten Benotzer: Javi
Am Ganzen: 3725
1 Benotzer an 581 Gäscht online