Facebook
Twitter
Du bass nach net ugemellt. Mell dech gratis un
ëm wat geet et op Photogen.lu?
 

Am Niwwel

 
Am Niwwel
  • Fotograf:
  • Eropgelueden:
    21.10.2013
  • Gekuckt:
    15958
  • Favoriten:
    0
  • Kommentarer:
    17
  • Beliichtungszäit:
    1/60 sec
  • Blend:
    f/7.1
  • Brennwäit:
    200 mm
  • ISO:
    200
  • Blëtz:
    No Flash
  • Beliichtung:
    0 EV
  • Gréisst:
    1000x665
  • Späicherplaz:
    409 KB
  • Originaldatum:
    2013:10:21 15:08:34
  • Fotoapparat:
    NIKON D700
  • Programm:
    Aperture Priority
  • Objektiv:
Kategorie: Natur »» Landschaften  
Extras:


Fir anzesetzen: [pg_img=75424]
Kommentar vum Fotograf:
Klick drop fir ( e bësse :-) ) méi kloer ze gesinn!
sylvie 21.10.2013 - 18:15
Wow immens schéin gefällt mer gudd
jorsch 21.10.2013 - 21:24
Merci sylvie, freet mech wa se dir gefält!
Bob76 21.10.2013 - 20:51
Hoppla, ech gesinn nemmen Niwwel. Fir méi Gout zevill Niwwel am Virdergronn.
jorsch 21.10.2013 - 21:27
Merci fir däi Kommentar!
Zimlech vill Niwwel, d'accord.
Fir mech huet se Charme, mä dat ass sécher a.d.g.
No_Saint 21.10.2013 - 22:24
E flott Niwwelbild, et ass elo erëm déi richteg Zait dofir.
Ech fanne'se uewen en Tick ze hell, e liichten Verlaaf ging dem Bild vlaicht ë bësse méi Déift ginn.
Natierlech fannnen Ech et och ëmmer erëm interessant wéi e mam Niwwel bewosst kann den Accent op bestëmmten Bildausschnëtter léen.
jorsch 22.10.2013 - 18:48
Merci fir däin Kommentar, freeë mech iwwer eng perséinlech Stellungnahm!
D'Bild ass zimlech extrem niwwelech, bal keng mëttel a guer keng däischter Tounwäerter. Mä just dofir hunn ech se eropgelueden, fir d'Reaktiounen ze gesinn. Si ass ouni Zweifel a.d.g.
Den hellen Niwwel hannen ass original: Do schéngt d'Sonn vu lénks schonns drop.
mischii 22.10.2013 - 00:49
muss do mengem Vierriedner recht gin, e bessi oofdonklen an vläicht Kontrast derbei ginn
jorsch 22.10.2013 - 18:51
Merci mischii.
Hu mat Kontrast probéiert mä dann ass den doucen Niwwel-Effekt futsch.
( Kuck och beim No-Saint )
Richie 22.10.2013 - 12:37
Super Stëmmung. Gefält mär richteg gutt.
jorsch 22.10.2013 - 18:51
Freet mech Richie!
Richie 22.10.2013 - 21:32
smile
bac 22.10.2013 - 19:24
Also vun elauter Niwwel hat ech déido Foto baal verpasst.
Mir gefaellt se esou ewéi se ass, eben niwwelech
jorsch 23.10.2013 - 07:59
Freet mech wa se dir esou gefält, ewéi se ass!
marker 22.10.2013 - 20:56
..mat der Beliichtung bas de hei effektiv op der Limitt, mais genau dës transparent Tounwerter machen d'Bild aus, en plus fannen den ''dégradé'' am Bildopbau ganz staark.
..fir mech e super Bild jorsch..!!
jorsch 23.10.2013 - 08:01
Freeë mech iwwert deng Appréciatioun! Merci!
piuul 23.10.2013 - 16:14
Ganz schéin !! huet eppes verdreemtenes. gefällt mer immens gudd !
jorsch 23.10.2013 - 21:02
Merci piuul! Verdreemt wa net scho beniwwelt! smile

(Passwuert verluer)

Foto vun der Woch

Tunnelbleck

Eis Partner

VisionLecuit

Am Moment online

 
 
Neisten Benotzer: Javi
Am Ganzen: 3725
1 Benotzer an 442 Gäscht online