Ech hun déi net fonnt, ech si se siche gaang. An wisou "erëm kee Stativ derbäi?" Mer haten et amfong derbäi awer dës Foto ass gemaach ginn wou mer um Réckwee ware bei den Auto, dofir héigen ISO
Ech hunn et bestëmmt och net schlecht gemengt. Well Motiv ass Wonnerbaren an de Cadrage hues de och gutt gewielt. Just ech kann do näischt fannen wat Schaarf ass. An och mam Stativ wier se ouni Spigelvirausléisung bei där Beliichtungszäit net richteg Schaarf ginn. Hänkt awer erëm vum Stativ of.
De Schäerfepunkt läit op den éischte Beem, also hei uewen riets am Bild, an dat ass och schaarf. Kuck d'Foto am méi groussen (klick drop), well beim Verklengeren um Server geet ëmmer bëssen Schäerft verluer. Et hätt zwar kenne méi schaarf sinn, ass awer wäit wech vun net schaarf genuch well soss hätt ech d'Foto mol net um Harddisk gehal
Jo ouni drop ze klicken hätt ech dir elo bestëmmt keen Komentar geschriwwen. De Schäerfepunkt hunn ech och direkt gesinn. Schäerft ass jo och acceptabel . Awer wann's de an der Makrofotografie Hantéiers fält der esou eng Klengegkeet direkt op. An Konstruktiv Kritiken ginn der leider net méi vill geschriwwen an meeschtens och net akzeptéiert
OK, also onrecht hues de jo och net dass se hätt kënne méi schaarf sinn, war just blöd dass ech d'Foto just um zréckgoen aus der Hand gemaach hunn. Awer ech denke suguer wann een d'Foto grouss print gesäit een net dass se net sou schaarf ass wéi se kéint sinn
Hätt vläicht och gehollef den Bam mat vill Efeu aus der rietser Rei relativ an der Mëtt ze fokusséieren an déi kleng Blend ze loossen. Dann hues de en schäerfen Punkt am Bild an duerch déi oppen Blend bleift awer den mäerchenhaften Touch erhalen, deen mat voller Déiftenschäerft sécher feelen géif!