Facebook
Twitter
Du bass nach net ugemellt. Mell dech gratis un
ëm wat geet et op Photogen.lu?
 

Aner Perspektiv

 
Aner Perspektiv
  • Fotograf:
  • Eropgelueden:
    21.08.2013
  • Gekuckt:
    16288
  • Favoriten:
    0
  • Kommentarer:
    12
  • Beliichtungszäit:
    30/1 sec
  • Blend:
    f/22
  • Brennwäit:
    24 mm
  • ISO:
    100
  • Blëtz:
    No Flash
  • Beliichtung:
    0 EV
  • Gréisst:
    1200x800
  • Späicherplaz:
    426 KB
  • Originaldatum:
    2013:08:20 18:05:37
  • Fotoapparat:
    Canon EOS 5D Mark III
  • Programm:
    Aperture Priority
  • Objektiv:
    Canon EF 16-35 f/2.8
Kategorie: Natur »» Waasserausbléck  
Extras:
Stativ & ND Filter

Fir anzesetzen: [pg_img=74354]
Kommentar vum Fotograf:
Hei eng aner Perspektiv nach vum Boot vu gëscht.
gi87 21.08.2013 - 16:34
Gefällt ma vill besser ewei dei 1t ! Perspektive, Kontraster, alles passt !
Johny 21.08.2013 - 16:40
Perséinlech gefällt dës mer och besser. Muss just kucken mech nach eng Kéier ze amuséieren ob ech d'Leit rauskréien smile Merci.
gi87 22.08.2013 - 17:05
mesh hun leit hei amfong geur net gesteiert, mee de Perefektiounissmus stecht an jiderengem leider closed_eye
gtaddei1 21.08.2013 - 21:58
HDR ... ass elei ungesoot
Johny 21.08.2013 - 22:04
huel mer et net béiss, mä: kënnt net a Fro closed_eye Dovun ofgesinn dass ech kee Fan dovu sinn, gesinn ech och guer keen Zweck heidrann. Et ass just eng Plaz an der Foto déi däischter ass, ouni Struktur asw, an déi passt menger Meenung no gutt esou drann.
gtaddei1 21.08.2013 - 22:15
Jo ... also né ech huelen dir daat net béiss an gin dir och recht ... mé no MENGER blöder Ménung waer des eng flotten Thema gewiecht fir mei Infoen ze Sammelen duerch den HDR ... Deng Longue Pose ass och super mé awer net kontrasteiert genuch well d'Schëff misst mei erauskommen kennen ... also eng lang Affär ...
Esou bleiwt et eng Doku ... no menger emmer bescheidener Ménung ... Bon c'est une façon de voir les choses ...
PS: Fan oder net Fan vun HDR ... et ass en outil fir d'Dynamik an kontraster ze stärken ... daat ass ALLES ... net fir Mickey mouse effekten ... do sin mir villeicht éns
Johny 21.08.2013 - 22:28
Jo mat mickey maus effekten si mer eis sws eens, mengen do brauche mer net laang ze diskutéieren.

Net kontrastéiert genuch ass ok, wann dat deng Siicht ass, huet awer lo och nach näischt direkt mat HDR onbedingt ze dinn.

Awer et als doku anzestufe just well ee mat Verschaffen hätt kënne méi Dynamik drankréien, fënns de dat net selwer bëssen extrem? Also lo ouni konkret iwwert dës Foto ze schwätzen, mä domat sees de eigentlech dass eng Foto ouni Dynamik keng Konscht duerstellt?
gtaddei1 23.08.2013 - 18:48
Daat wollt ech jo net soen...
An engem HDR ass jo vill mei Info drann ewei an engem single shot... daat wollt ech soen ... an aus enger gudder start foto (hdr) kritt én en superen true tone eraus...
Also Dourno Konscht definieiren ... bah daat ass eng aaner Sach..
An firwaat ass eng Dokufoto dann mannerwaertesch? Daat soot ech awer net mengen ech ... Elo kéint ech soen dass deng Foto net fine Art ass ... mé waat héscht daat och... Dofir , deng Foto gefallt esou ewei se ass mé ECH haet se aneschters gemét ... d'Subjektiviteit ass emmer do wann én eng Foto vun déenen aneren kuckt ... zemool en raltion zum Sujet ...
Johny 23.08.2013 - 19:00
Mannerwärteg hues du lo gesot, net ech, ech hu mech just dorop beruff dass de se einfach als Doku foto beschreifs, an Doku & Konscht hun ech géintenee gestalt smile Näischt dovun ass mannerwärteg, awer Doku ass net dat wat ech erreeche wollt an wëll.

Ech hu jo guer kee Problem domat wanns de sees du häss se anescht gemaach, an wa mer all hei alles wéilten tselwecht maache wir et jo langweileg, ech menge just du hues den Deel mat Doku-foto bëssen komesch formuléiert hei smile
gtaddei1 23.08.2013 - 21:35
Also ... wat sollt ech dir elo aentferen... waat DU gaeren vun mir wells heieren oder waat ech eierlech mengen ... an wann ech meng Ménung ausdrëcken dann well ech domaden absolut net recht hun... bei weitem net...
Dofir, Doku mannerwaertesch hueste net gesoot mé villeicht ass daat esou eriwer komm... wann net dann ... jo...dann hun ech mech giert an mir sinn d'accord.
Dourno ... du wolls net eng Doku machen ... dann erklaer mir waat du dann erechen wolls...
Ech considereieren all MAkrofoto (tonneweis) dei um Photogen sinn als Doku (verschiddener rëif fir an den National Geographics oder an den 500 px) ... an nemmen e weinescher hun (fir mech natiirlech) eppes weider... (daat soll och esou sinn ) .
Eppes weider ass dass se sech vun der Masse eraushiewen ...mé elo wien sinn ech fir daat ze decideieren ....
Ech décideieren daat jo net fir d'généraliteit mé fir mech... also purement Subjektiv...
An daat hun ech dir matgedélt... wou ech gesoot hun dass mir deng Foto mei als Doku eriwer kennt ewei "konscht" .
D'WF ass fir mech en Dél Konscht ... Firwaat... mé well et eben esou ass ...
Mir kéinten och elo mei an engem Psychosozialen Discours iriwer dégénéreiren ... mé daat wellen mir 2 net (hoffen mool , well soss get et en harden Owend smile )

Johny 23.08.2013 - 21:45
Du häss am fong net méi vill bräichten ze äntweren, ech weess dass all Kommentar an Meenung subjektiv ass, ech hu jo och just meng Meenung gesot zu dengem Kommentar sou gesinn closed_eye

Wat ech mat de Fotoen erreeche wëll (net Doku) ass dass een d'Foto kuckt an iergendeng Emotioun derbäi empfënnt, an dësem Fall dass se berouegend riwwerkënnt, wéi bei ville laange Beliichtungen mat Waasser am Spill.
gtaddei1 24.08.2013 - 00:42
Eben ... 30 sec .. mé daat get dir dann eng Luuchtausgleich dei d'Foto e bessi platt mecht ...

(Passwuert verluer)

Foto vun der Woch

bei den Beginen

Eis Partner

LecuitVision

Am Moment online

Keen Member online
 
 
Neisten Benotzer: Javi
Am Ganzen: 3725
keen Benotzer an 608 Gäscht online