Facebook
Twitter
Du bass nach net ugemellt. Mell dech gratis un
ëm wat geet et op Photogen.lu?
 

nieweluechteg

 
nieweluechteg
Lizenz ënnert daer d'Foto steet:
Fräie Gebrauch op der Wikipedia, ënnert der Conditioun datt den Numm vum Auteur ugi g�tt.
  • Fotograf:
  • Eropgelueden:
    26.06.2006
  • Gekuckt:
    13614
  • Favoriten:
    0
  • Kommentarer:
    7
  • Beliichtungszäit:
    1/80
  • Blend:
    f/10
  • Brennwäit:
    70 mm
  • ISO:
    100
  • Blëtz:
  • Beliichtung:
  • Gréisst:
    800x355
  • Späicherplaz:
    225 KB
  • Originaldatum:
    25.06.2006
  • Fotoapparat:
    DYNAX 5D
  • Programm:
  • Objektiv:
Kategorie: Natur »» Landschaften  
Extras:
Konica Minolta 18-70mm 1:3.5(22) - 5.6D + B+W 55E KR1,5 1,1x


Fir anzesetzen: [pg_img=7429]
Kommentar vum Fotograf:
nieweluechteg ass en e bessi mi aalt letz. Wuert. Et ass en Adjektiv an heescht 'neblig, verschwommen, trübe' an dat ass jo genee dat waat ech bei deser Prise gesicht hun.
Paukl 26.06.2006 - 21:13
Schein Foto Emulzo Dei hues de bestemmt gescht noom Reen gemaach. Daat eenzegt waat mech e bessen steiert ass den Schapp, mee soss alles top.
elmuzo 26.06.2006 - 21:18
Jau, genee dat. Woar vun do owen ennerwee fir an de Süden an du konnt ech net anescht ;o) De Schapp, jo, hun ech geduet. Mee ouni Schapp huet se eppes wat et schon mi dachs get, mat Schapp, net esou dachs.

PS: Hun der lo grad eppes op deng U-säit geschriwen, dat ass awer elo rengen a puren Zoufall bigsmile
Nicon07 26.06.2006 - 21:19
Een echten elmuzo, geheimnisvoll a stëmmungsgeluëden. An de Schapp stéiert méch zwar net, ech si villméi der Meenung, datt en eng Roll an deem Bild spillt. Well nëmme Bësch am Hannergrond hätt dat ganzt ze vill monoton gemaach. D'accord, et get méi "esthetesch" Schätonguep, mais vu datt alles esou am düster Verschwommene gehaalen as, mécht deen heiten säin Dingscht awer net schlecht.

Ech hat nach vergiëss ze froë, wou dat doten as?
elmuzo 26.06.2006 - 21:34
Merci, jo, méi een ästhéteschen Schapp woar grad net dobigsmile... Majo, Nico, lo hues de mech kritt... ech wees net méi genee wou et ass... et misst 'Hoscheid-Dickt' (wann dat elo esou stemmt) an hannendrun misst d´Sauer sech duercht Dall schlängelen, mee ouni Garantie *hüstel* *verzeih*
Nicon07 26.06.2006 - 22:42
Ech hat mer esou eppes gezwirbelt, datt et am Eisléck as.
JADE 26.06.2006 - 21:25
Waat mir super gutt gefällt, daat ass uewen lénks den Horizont/Himmel deen matt dem wäissen Fong vum Photogen Site verschmëlzt, also dass do keen Bord vun der Foto ze gesinn ass, an dass dann déi Beemercher wéi Tëtonguepelcher dohin gemolt sin gin. Awer och dass d'Foto ausgesäit wéi verschieden Ebenen/Collagen (? irgendwéi 3-dimensionell)
Schéin!

(21H26: ech muss wierklech méi schnell tippen léieren! ;-( )
elmuzo 26.06.2006 - 21:41
D'Teppelcher um Bild wéi um i vu Bild. Merci Jade. Mat denen 3 Dimensiounen hues de Recht an et huet e puer Prisen kascht bis ech dat esou hin haat wéi ech wollt closed_eye

(Passwuert verluer)

Foto vun der Woch

bei den Beginen

Eis Partner

VisionLecuit

Am Moment online

Keen Member online
 
 
Neisten Benotzer: Javi
Am Ganzen: 3725
keen Benotzer an 629 Gäscht online