Hu just geduecht well ech hun den efekt vun sou donkelen plaatzen am Bild wann ech den Grofilter ebessi zevill zoudréinen.Sou - op e wert vun ND 8 et war net grad e bellege Filter mee ech giff haut léiwer elauter eenzelner kaafen mat verschiddenen dichte werter.Fläischt huet jo nach irgendeen erfahrung mat Variabelem ND filter?
Eigentlech gët gesot, dass een de Polfilter nët bei kuerze Brennwäiten soll benotzen, well wéinst däer grousser Variatioun vum Affallswenkel den donkle Fleck nët ze vermeiden as. Mech huet dat bei däer heier Foto (an nach e puer aneren, déi ech bei däer selwechter Geleejenheet gemaach hun, nët gestéiert, well ech éischter déi abstrakt Wierkung vun de Faarwen an de Formen am Hannerkapp hat. Wann een d'Bild haaptsächlech als Ausschnëtt vun der Landschaft gesäit, kann de Fleck natierlech stéieren.
d'Bild as flott,do as näischt dogengt ze soen.Deng iddi an däin resultat si jo gelongen.An wéis du sees stéiert de Fleck just beim betruechten vun der Landschaft well den Himmel esou ebessi onnatirlech wierkt.
An Zukunft probéieren ech d'Wierkung vum Filter nach e bësschen méi fein ze doséieren. Den Ënnerscheed tëschent der Mett lènks an der Mett uewen as effektiv relativ grouss. Bis ewell as mer dat nët esou opgefall.