Facebook
Twitter
Du bass nach net ugemellt. Mell dech gratis un
ëm wat geet et op Photogen.lu?
 

Giant's Causeway

 
All Fotoen an dëser Serie:
37649 Thumbnail
37650 Thumbnail
37651 Thumbnail
Giant's Causeway
  • Fotograf:
  • Eropgelueden:
    05.08.2013
  • Gekuckt:
    26084
  • Favoriten:
    0
  • Kommentarer:
    22
  • Originaldatum:
    28.7.2013
  • Fotoapparat:
    Canon EOS 5D Mark III
  • Objektiv:
    Canon EF 16-35 f/2.8
Kategorie: Natur »» Waasserausbléck  
Extras:
Stativ, Lightroom & PS

Fir anzesetzen: [pg_img=74018]
Kommentar vum Fotograf:
Hei eng kleng Serie déi an Nordirland entstanen ass. Mir sinn déi läscht +- 1.2km gelaf fir nach zur Zäit dohin ze kommen fir déi richteg Luucht, vu dass mir virdrun net wossten dass een nach vum Parking misst sou wäit trëppelen :D sou muss een eben bëssen leiden wann een nach seng Fotoen wëll.

Den Giant's causeway gehéiert zum Weltnaturerbe vun der UNESCO, läit an Nordirland an ass, obwuel et eng Haapt-touristenattraktioun ass, beim Sonnen-ënnergang awer zimlech verlooss (gottsäidank)
hardae 05.08.2013 - 11:24
Johny, eng flott Serie.
Wat fir eng Beliichtung, ISO an Zäit has du do?
Mam 16-35 f/2,8, bass du domat zefridden?
Johny 05.08.2013 - 11:40
Also allen 3 Fotoen bestinn all Kéier aus 2 Fotoen, ëmmer 1 fir den Himmel Waasser an 1 fir de Virgrond (anescht ass et net méiglech déi sou ze beliichten). Hun mam / getrennt de Wärt vun der anerer Foto dann derbäi geschriwwen, hunn do just d'Zäit geännert fir se manner ze beliichten.

1. Foto:
ISO: 400
Blend: f/3.2
Zäit: 30s / 15s

2. Foto:
ISO: 400
Blend: f/3.2
Zäit: 30s / 13s

3. Foto:
ISO: 800
Blend: f/4
Zäit: 30s / 15s

Den 16-35 hat ech virun Irland ni vill am Asaz, awer war dohannen mäin meescht agesatent Objektiv, an ech war extrem frou et ze hunn. Mäin 24-105 deckt zwar do och nach e Beräich of, kënnt vun der Qualitéit awer bei wäitem net drun erun.
hardae 05.08.2013 - 12:37
Johny, Merci fir d'Info
Schluck 05.08.2013 - 11:25
Flott Johny, Nordirland ass bëstëmmt eng Rees wert .. mir gefält déi läscht am beschten weinst der Stëmmung.
Johny 05.08.2013 - 11:42
Fir eis war Nordirland just ee ville Stops, de Recht vun Irland kënnt nach no closed_eye Mee derwärt ass et op alle Fall!

Perséinlech fannen ech déi éischt am interessantsten, déi läscht hunn ech allerdings aktuell als Wallpaper hei agestalt, eben och wéinst der gesamter Stëmmung. Merci.
mischii 05.08.2013 - 11:32
Wonnerbar Stëmmung an schéin Laangzäitopnaam!
fir mech och di läscht , well een e schéine Wäitbléck huet

War och schon do, allerdengs war sou e miserabelt Wieder, dass mer mol net weider bei d'Organ Pipes koumen, well do ganze Bierg gerutscht war unhappy
Johny 05.08.2013 - 11:43
Jo d'Wieder dat ass eng Gléckssaach. Mir haten d'Chance dass et réischt zum Schluss vun eisem Trip ugefaang huet mat méi Reenen, mä och op dësem Dag war Nomëttes alles gro an hätt soueng Foto onméiglech gemaach. Dofir sinn eis aner Fotoen duerch d'Lappen gaang wéinst dem Wieder smile
gemu 05.08.2013 - 14:55
Wonnerbar Série fir mech di 1. wéinst dem Bildopbau
Johny 05.08.2013 - 23:18
Merci
Frasigi 05.08.2013 - 15:28
Eine tolle Struktur geben die kleinen runden Pfützenspiegel hier ab. Fantastisch finde ich auch das Licht. Top Foto!!!
Johny 05.08.2013 - 23:19
Jo mir haten do och nach Chance dass et kuerz virdrun eben gereent hat, dofir déi kleng Pill mat Waasser iwwerall smile Merci
jorsch 05.08.2013 - 21:48
Immens schéin mat dem Owesliicht!
Fir mech dir 3.: Hei gesäit een esou gutt dem Ris säi Wee an d'Waasser.
Johny 05.08.2013 - 23:19
Eigentlech wollt de Ris net an d'Waasser, mä iwwert d'Waasser closed_eye Merci awer!
Jean-Jos 05.08.2013 - 22:08
Genau dohinner gi mir bestëmmt och nach emol, mir waren d'virrécht Joe méi am Zentrum, op der West- an Ostküst a wëllen och de Norden gesin, Irland ass herrlech, grad ewéi déng Fotoen smile
Fir ze genéissen, soen ech elo mol einfach.
Johny 05.08.2013 - 23:20
Ma mir haten Ostküst net gemaach, bëssen Süden Inland, dun déi ganz Westküst an den Norden. An suguer do hätte mer iwwerall op manst duebelt sou laang kënne bleiwen, souvill gëtt et ze gesinn.
Merci fir d'Kompliment smile
Metalbambi 06.08.2013 - 12:53
Déi Lescht ass ultra béis, Reflexioun am Waasser, d'Basaltsailen déi am Waasser verschwannen mam Sonnenënnergang driwwer, top. Mee bei den 2 éischten gefält mer déi kleng Sträif Himmel awer guer net, schneid déi wech. Ass sou en bëssen je wulte bieng mää je puffte pa. Entweder méi oder manner, mee sou stéiert et.
Johny 06.08.2013 - 13:15
Bei der zweeter huet mech effektiv och gestéiert dass sou mini Himmel drop ass, bei der éischter lo net sou direkt, awer ganz ouni Himmel kéint och passen, probéieren dat mol fir mech selwer, merci smile
Metalbambi 06.08.2013 - 16:11
Bei der éischter ass den Kontrast Himmel/Waasser effektiv net sou grouss.
Abacab 06.08.2013 - 12:56
Besonneg flott wéinst der spezieller Faarw-a Liichtstëmmung zumol mat deenen Pill an de Steng.
Die 3te ass mäin Fav. hinsechtlech dem Bildopbau.
Johny 07.08.2013 - 00:50
Merci
marker 06.08.2013 - 15:02
..eng ganz stëmmeg Serie wou's de hei weis Johny, woubäi ech eng Präferenz fir déi 3 hun, engersäits wéinst deenen Pill mat Waaser an anerersäts huet de Bildopbau mir ët hei ugedoen.
Johny 07.08.2013 - 00:50
Schéngt wéiwann déi 3. definitiv hei de Favorit wir closed_eye Merci

(Passwuert verluer)

Foto vun der Woch

bei den Beginen

Eis Partner

LecuitVision

Am Moment online

Keen Member online
 
 
Neisten Benotzer: Javi
Am Ganzen: 3725
keen Benotzer an 624 Gäscht online