Facebook
Twitter
Du bass nach net ugemellt. Mell dech gratis un
ëm wat geet et op Photogen.lu?
 

SUPER SHELL

 
SUPER SHELL
Dës Foto ass eng Kéier ersat ginn (29.06.2013). Klick hei fir déi al Versioun ze gesinn
  • Fotograf:
  • Eropgelueden:
    25.06.2013
  • Gekuckt:
    14000
  • Favoriten:
    0
  • Kommentarer:
    12
  • Beliichtungszäit:
    n/a
  • Blend:
    f/n/a
  • Brennwäit:
    n/a mm
  • ISO:
    n/a
  • Blëtz:
  • Beliichtung:
  • Gréisst:
    766x1200
  • Späicherplaz:
    581 KB
  • Originaldatum:
  • Fotoapparat:
  • Programm:
  • Objektiv:
Kategorie: Mënschen & Emotiounen »» Männer / Jongen  
Extras:
EPSON V330 Photo

Fir anzesetzen: [pg_img=73300]
Kommentar vum Fotograf:
Hei main Papp (Misch)Tolerie "LUXMOTOR" 17M 1959
bei der Arbecht irgendwou ann der Staad (Luxmotor ?)
Hunn Negativen op dem Spaicher font ann sinn amm gaang ze scannen.
MAT RISCHTEGEN SCHREIPSEN DRAN !!!! Ett kommen nach ee puer Bijouen noo....
Houll-art 26.06.2013 - 00:55
...an nach een Kanaldeckel aus der Fonderie de Mersch smile

Ass eng gudd Saach, Fotoen aus vergaangenen Zäiten nees erauszekropen. Ech sinn neemlech och am gaangen Negativer déi nach op Glasplacken gemaach ginn sinn ze scannen. Dës sinn aus den 20-30er Joeren, an all am Ausland gemaach ginn.

Ech froen mech ob et net Sënn geng maachen eng Kategorie op PG anzeféieren wou een Fotoen ab engem gewëssen Alter kann dran setzen.

Et sinn der secher nach déi esou Fotoen bzw Negativer hun.

Wees net waat d' adminen dozou soen...
micky-maus 29.06.2013 - 07:24
Ginn Dier doo vollkommen Recht, och wann mier Fotoen nöt selwer gemeet hunn, hunn mier se awer gescannt ann restaureiert ann evt sinn se vunn eisen Pappen oder Monnien gemeet ginn. Sinn een gaaanz groussen Frend vunn aalen Letz. Fotoen aus 50er-70er
Mengen setzen dei Saach mol ann den Forum. Mol kucken waat den Johnny dozou schreiwt....
Houll-art 29.06.2013 - 10:55
Maja, mol kucken waat déi verantwortlech dozou soen. Et ginn awer trotzdem och Useren op PG déi schon iwer 30 od. 40 Joeren laang Fotoen maachen, also d' Foto selwer gemaach hun. Schon eleng fir déi wär et flott eis eng oder déi aaner Foto ze weisen aus vergaangenen Zäiten. Daat mam Restauréieren hues du Recht, et ass net onwichteg dass een aaneren wéi de Fotograf (deen viläicht schon guer net méi lieft) sech munchmol der Saach unhëllt wéi deen deen se gemaach huet, well doduerch d'Foto iwerhaapt nees gewisen gëtt.
Et as ëmmer flott Fotoen ze weisen aus enger vergaangener Epoque, well graad daat ass jo een atout vun enger Foto.

Zäit ännert mee d' Foto bleiwt.
micky-maus 01.07.2013 - 07:58
Hunn elo schon 2-3 Deeg ann forum gesaat, awa nach keng Reaktioun kruut. Weder vunn Useren nach Admin.... sceptical
Houll-art 01.07.2013 - 20:10
...bon, ech mengen méi kanns du net maachen. Et besteed viläicht keen esou groussen interessen. Bleiwt halt ëmmer nach méigelechkeet d'Fotoen esou drop ze setzen mat enger Erklärung bzw . Beschreiwung dobäi.
gemu 26.06.2013 - 08:31
Eng wonnerbar Foto, daaaat woren Zäiten, do gouf et nach keen Stress op der Pompel. Déi hues de flott "restauréiert"
micky-maus 29.06.2013 - 07:21
Merci Georges. Den Ed huet mier mol geissen wei een daat richteg mecht, matt deem restaureieren, ann ersetzen se mol Haut den Metten. smile
gemu 29.06.2013 - 07:56
Firwaat wëlls du se ersëtzen, fannen se gud, déi Schréipsen gehéieren dozou, mat restauréieren hun ech Digitaliséieren gemengt.
micky-maus 29.06.2013 - 08:10
Nene, Schreibsen bleiwen dran, ass joo Patina... Mier hunn elo mol genau Kontraster lokal ugepasst ann deen blooen kaalen Toun erausgeholl ann een rischtegen s/w doraus gemeet. Och Detailer sinn elo besser erausgeschafft. Alles gaanz douce, awer vill besser.
gemu 29.06.2013 - 08:15
Ech sin gespaant a free mech drop, wëll déi aal Biller ass menges
micky-maus 29.06.2013 - 18:06
Ersaat..... closed_eye
gemu 30.06.2013 - 08:52
A jo, eng kleng Nuuance Sepiatoun dran, esou wierkt se net esou kaal, gud geschafft Frank

(Passwuert verluer)

Foto vun der Woch

Tunnelbleck

Eis Partner

VisionLecuit

Am Moment online

Keen Member online
 
 
Neisten Benotzer: Javi
Am Ganzen: 3725
keen Benotzer an 611 Gäscht online