Eng f/2.8 Blend geet do nët duer .. D'Déiftenschärft hänkt vun der Brennwéit, Blendenöffnung an vun der Distance zum Sujet off .. kuck mol héi: DOF Master
hmm, jo, mee ech fannen bei méi klenger Blend also méi wéi 8 get glaich den Hannergrond net méi schéin, secher ass eppes dozwecht deen gëllenen Mettelwee, war schons um makro.de déi hun och Tabellen wou's de dech kanns orientéieren, an een Stativ ass wuel een Must, mee main kann ech net sou nidereg maan, brauch da wuel een Buch drenner an een Fernauslöser, fir och secher naischt ze verwackelen muss nach üben üben üben Planzen sinn do méi gedelleg
Ewéi de Schluck geschriwwen huet, Blend 2,8 geet net duer. Probéier mol mat 5,6 an weider. Ech huelen iwwerhaapt keen Stativ ausser wann ech den Lupenobjektif huelen. Och gesin ech dat deng Belichtungszäit 1/40 ass, weineg knapp.
jo, ech wärt versichen matt méi klengen Blenden ze schaffen,
war bis elo de Meenung am Mako matt sou grousser wéi méiglech Blend ze schaffen, mee Déiftenschärft ass dann einfach zevill gereng, an kucken wéi ech d'Schärft an den Hannergrond ennert een Hut kréien, ech wärt demnächst nach méi oft um Buedem leien am alt rem naassen Graas