Facebook
Twitter
Du bass nach net ugemellt. Mell dech gratis un
ëm wat geet et op Photogen.lu?
 

Am Musée

 
Am Musée
Dës Foto ass eng Kéier ersat ginn (22.05.2013). Klick hei fir déi al Versioun ze gesinn
  • Fotograf:
  • Eropgelueden:
    21.05.2013
  • Gekuckt:
    24165
  • Favoriten:
    3 (Wen?)
  • Kommentarer:
    19
  • Beliichtungszäit:
    1/160 sec
  • Blend:
    f/6.3
  • Brennwäit:
    10 mm
  • ISO:
    200
  • Blëtz:
  • Beliichtung:
  • Gréisst:
    1000x754
  • Späicherplaz:
    567 KB
  • Originaldatum:
  • Fotoapparat:
    NIKON D5000
  • Programm:
  • Objektiv:
Kategorie: Architektur / Stiedt »» Nei Bauwierker  
Extras:


Fir anzesetzen: [pg_img=72577]
Kommentar vum Fotograf:
Mol fir d`éischt am Liewen an de Mudam gang...
Scorpius 21.05.2013 - 20:49
Das gewisse etwas hei am Bild as fir mech den schwarzen deel rondrem.
Dodueg entsteet dei speziell struktur. Abstrakt, gefällt mer.
Locke 21.05.2013 - 21:35
Merci gesoot smile
jorsch 21.05.2013 - 21:29
Déi schwaarz Rumm, di oval Formen, d'Undeitung vun der Trap, déi massiv Mauer, d'Spijelungen am Glas an zum Schluss déi geometresch Daachkonstruktion, dat alles gefält mir immens gutt!
Locke 21.05.2013 - 21:37
Merci dir och. smileD'Foto as irgensdwei chaotesch mee vermettelt awer och Rou.
jorsch 21.05.2013 - 21:49
Ech menge well se d'Form vun engem Ee huet, dat wierkt berouegend.
mischii 21.05.2013 - 22:11
Daat ass Menges!!!
Ech schléisse mech 100 pro dem jorsch an dem Scorpius un
Locke 22.05.2013 - 06:32
Mercismile (natierlech och dir de Fav)
Gaga 22.05.2013 - 08:32
Also ech hoffen sou luess kennd der mech ... bigsmile

Wann dei Travers an der Mëtt wou t'Luuchten drun sin riicht wier, da wier daat do feir mech en FAV, eng WF, an eng vun de Beschten Architekturfotoen hei um Site.
Dei as grandios.
De klenge Scheinheetsfehler as net weltbewegend, mais wei ememr fällt et mier direkt an t'Aan an dann gesait een just nach daat ... de Spiraleffekt, den Sch/W, dei ganz geometrie as fascineierend !

Bitte mach daat riicht !
Locke 22.05.2013 - 09:17
Du Kriddelschass awer och closed_eye Machen daat dann wann ech doheem sin.Merci och fir de Fav an dei leif Kritik smile
Gaga 22.05.2013 - 14:32
jo ech wees unhappy
ech äntweren mol mat engem Zitat:
"Die Neigung der Menschen, kleine Dinge für wichtig zu halten, hat sehr viel Großes hervorgebracht."
Georg Christoph Lichtenberg (1742-99), dt. Aphoristiker u. Physiker

oder :
"Es ist nicht einfach, perfekt zu sein, aber irgendeiner muß es sein."
Niki Lauda

closed_eye

mais nach eng Keier : se as genial !
Locke 22.05.2013 - 20:08
sou besser? closed_eye (an ech si mell gin, fir dei lo riit ze dréinen, emmer wann ech geduet hun se wier et, war et se awer net grad, mengen daat hei as lo e Resultat mat deem ee liewe kann) closed_eye
Gaga 22.05.2013 - 21:42
lo as se PERFEKT!
Locke 22.05.2013 - 21:55
smile
Jacques 22.05.2013 - 15:43
Wonnerbar am s/w!!
D'Spijelungen an dann matt deem schwarzen Deel ronderem mecht d'Foto extra flott.
Locke 22.05.2013 - 16:46
Merci där och smile
luxiline 22.05.2013 - 22:15
ech war do wéi en nach net ganz fäerdeg war, do konnt ee gutt Fotoe maachen!
Déi hei fannen ech ganz flott gesinn! an och opgeholl smile
Locke 23.05.2013 - 07:22
Merci an natierlech och merci fir de Fav smile
micky-maus 22.05.2013 - 23:47
Super, muss mol dohinn, well ech keen Plang hunn wei daat ann der normaler Perspektif ausgesait.....
Fier den Rescht: Alles gesoot hei. closed_eye
Locke 23.05.2013 - 07:24
och där e grousse Merci smile

(Passwuert verluer)

Foto vun der Woch

Tunnelbleck

Eis Partner

VisionLecuit

Am Moment online

Keen Member online
 
 
Neisten Benotzer: Javi
Am Ganzen: 3725
keen Benotzer an 503 Gäscht online