Du bass nach net ugemellt.
Mell dech gratis un
ëm wat geet et op Photogen.lu?
Nick:
Passwuert:
Automatesch Aloggen
Start
Iwwert Eis
Fotoclub
Club Info
Clubmember ginn
Workshops
Forum
Galerie
Concoursen
Tutorials
Foto bearbechtung
Begrëff Erklärungen
Allgemeng Tipps
Annoncen
Meetings
Fotogalerie
»»
Usergalerie vum Jeanny (Säit: 1)
Macaroni
All Fotoen an dëser Serie:
Fotograf:
Jeanny
Eropgelueden:
12.04.2013
Gekuckt:
17724
Favoriten:
0
Kommentarer:
28
Originaldatum:
2013
Fotoapparat:
Canon 5D Mark ll
Objektiv:
Canon 100mm
Kategorie:
Objeten an Still Life
»»
Am Studio
Extras:
Stativ
Fir anzesetzen:
[pg_img=71802]
Kommentar vum Fotograf:
"Teigwaren heißen Teigwaren, weil Teigwaren Teig waren."
[
Chronologie vun de Kommentarer emdréinen
]
Zora
12.04.2013 - 19:53
Muar man ech Macaroni am Schäfchen
, eng geschmackvoll Serie!
Nicon07
12.04.2013 - 20:48
Da gi se jo nach méi hart, wéi se scho sin, Zora.... Ech kache méng Macaroni zu 99,9% am Waasser...
Zora
12.04.2013 - 21:23
Ach du Gudden
, ech natierlech och, an dann an den Schäfchen
Jeanny
13.04.2013 - 06:41
sou schmaachen se am beschten, merci dir Zwee
Pixelman
12.04.2013 - 21:07
Do stinn se Jeanny, an durch d'Spigelung ginn se richteg opgewärt.
Jeanny
13.04.2013 - 06:51
Merci René
Conley
12.04.2013 - 21:37
Eng flott Serie Jaenny. Matt Spigelungen kann een mech bal ëmmer begeeschteren.
Jeanny
13.04.2013 - 06:51
da soen ech Dir villmools Merci
micky-maus
12.04.2013 - 21:45
Eng schein Serie, Jeanny.
Op daat neidechst reduzeiert. Ann daat fannen ech flott hei, ouni vill Gedengels.
Jeanny
13.04.2013 - 06:50
Merci Frank
pho-taux
12.04.2013 - 22:19
Flott Serie Jeanny! Di 2. an di 3. gefaale mer do am Beschten. An ech kréien sou lues rem Honger
Jeanny
13.04.2013 - 06:49
Merci,da kuck mol op eppes am Frigidaire ass fir ze maufelen.
luxiline
12.04.2013 - 23:50
ganz flott am S/W!
erënnert mech u Stonehenge
Jeanny
13.04.2013 - 06:43
Merci gesoot
Jacques
13.04.2013 - 05:12
Erem eng flott Idee an gudd emgesaat Jeanny.
Jeanny
13.04.2013 - 06:43
Soen Dir Merci Jacques
MR
13.04.2013 - 06:04
eng kreativ Idee Jeanny
an Resultat gefält mir
besonnesch déi 2.
Jeanny
13.04.2013 - 06:42
jo Martine, wann Wierder et net erlabt, gett dobannen fotografeiert, Merci Martine
Aiello
13.04.2013 - 08:37
Schein Serie
Jeanny
14.04.2013 - 06:45
soen Dir villmools Merci
gemu
13.04.2013 - 09:42
Macaroni ala Jeanny, gespigelt hun se manner Kalorien
. Gesäit emol gud aus, ech zweifelen och net drun dat se och gud gin
Jeanny
14.04.2013 - 06:45
zemols wann se nach am Schäfchen iwwerback sinn,
Merci Georges
suraki
13.04.2013 - 10:29
déi Lëscht gefëllt mer selwer, och wéinst den flotte Grondwäerter am beschten. Flott Serie Jeanny
Jeanny
14.04.2013 - 06:43
Merci Edy, schein dass de erem mai aktiv bass
hardae
14.04.2013 - 05:35
Eng flott Serie Jeanny
An elo nach eng Serie mat Tomatenzooss. Mmmmmmmm
Jeanny
14.04.2013 - 06:42
Merci Harry
jorsch
16.04.2013 - 20:24
Ech hunn se léiwer, wann se e bësse méi mëll sinn ....
... mä elo am Eescht: Eng ganz flott Iddi, besonnesch well s de mat näischt ganz vill gemaach hues!
Mir gefält déi 3. am beschten, och well hei d'Spijelbiller ( bal ) komplett sinn!
Jeanny
16.04.2013 - 20:25
villmools Merci jorsch
(
Passwuert verluer
)
Foto vun der Woch
Eis Partner
Am Moment online
Paul-H
Neisten Benotzer:
Javi
Am Ganzen:
3725
1 Benotzer
an
489 Gäscht
online