déi éischt an déi 2. gefalen mir extra gudd
déi 3. ass mir zevill onroueg, just eng Fro, hätt een bei der 4. d'Bänk entweder duerch Kontrast oder méi Farwsättegung méi erausschaffen können, hun nämlech eng ähnlech Foto wou mir d'Bänk ähnlech zevill mam Hannergrond verschmelzt
Bei der 4. gung et mir méi em déi zaghaft Fréijoerssonn am Hannergrond wéi em d'Bänk, obschonn d'Schrëft mir gudd gefall huet. D'Bänk mat Mëttelen, déi op déi ganz Foto wierken (wéi Kontrast, Faarwen, etc.) méi ze betoune stellen ech mir schwéier vir, eben well se faarwlech sou ähnlech ass wéi den Hannergrond. Bestëmmt kann ee se am Photoshop isoléieren an all méiglech Saachen domat maachen (ech sinn do net sou den Expert), mee dann ass d'Gefor, dat se dono wéi dramontéiert ausgesäit.
daat matt der Sonn ass der wirklech gudd gegleckt
matt der Bänk hues de wahrscheinlech recht, dann ass et villeicht net méi natirlech
alles in allem eng ganz schéin Série