Facebook
Twitter
Du bass nach net ugemellt. Mell dech gratis un
ëm wat geet et op Photogen.lu?
 

Net ganz zefridden

 
All Fotoen an dëser Serie:
34957 Thumbnail
34958 Thumbnail
34959 Thumbnail
34960 Thumbnail
34962 Thumbnail
Net ganz zefridden
  • Fotograf:
  • Eropgelueden:
    09.03.2013
  • Gekuckt:
    16978
  • Favoriten:
    0
  • Kommentarer:
    8
  • Originaldatum:
  • Fotoapparat:
  • Objektiv:
Kategorie: Natur »» Planzen
2. Kategorie: Objeten an Still Life »» Dobannen
Extras:
Fir déi 5. hunn ech e PS-Filter benotzt: lueur diffuse.

Fir anzesetzen: [pg_img=71069]
Kommentar vum Fotograf:
Wéi beaarbechten ech eng Foto vun enger Rous?
Ech hu Blummen immens gäer an all Rous gëtt vu mir op enger Foto festgehalen. Ech gi mir vill Méi si an dat richtegt Liicht ze bréngen, mee hei ass e gudd Beispill: si gesäit zevill haart aus, bal wéi Plastik. Wéi kann ech dat zart, delikat besser erauskréien? Direkt beim Knipsen oder e Filter am PS?
Ech si frou fir all Iddi!
m-otiv 09.03.2013 - 11:17
Waat fir een Objektiv hues du?
Ech géif dir roden, waat gang und gebe ass, matt extreem vill déiftenonschärft ze schaffen an esou d'Blum vum Hannergronn isoléieren...Probéier Dir och gedanken iwwert Komposizioun ze maan (Kadrag, 3t Régel, dynamik asw)
Am PS kann den emmer esou een Glow effekt nach derbai maachen. passt gudd bei Blummen an Horzaiten...dann gesait alles verzaubert aus....Ech sin perséinlech keen Fan dofunner
luxiline 09.03.2013 - 12:57
Objektiv: LEICA DC Vario Elmarit 1:2.8-4.4/4.8-86.4 Asph. (ech hunn nach keng Spigelreflex, kann awer manuell astellen).
Cadrage: ech wollt just d'Blumm wéi an der Nr.4 and dofir hunn ech d'Vase op de Buedem bei d'Fënster gesat. Déi Foto 1 ass just fir d'Situatioun ze weisen. Déi 3. ass d'Originalopnahm vun der 2. Vun der ginn ech dann elo aus fir am PS de Filter ze probéieren.

Merci fir däi konstruktive Kommentar!
luxiline 09.03.2013 - 13:40
ech hunn Nr 5 gemaach mam Filter 'lueur diffuse'. Ass et deen, deen s du Glow nenns?
m-otiv 09.03.2013 - 18:23
D'Resultat ass änlech.... Oder https://www.youtube.com/watch?v=64-23bvHi3Q&feature=youtube_gdata_player
Zora 09.03.2013 - 12:51
Genau daat wollt ech och soenbigsmile, nee Quatsch, den m-otiv hued der alles erklärtclosed_eye
luxiline 09.03.2013 - 13:02
merci dass de kucke koums closed_eye
Ech wollt eigentlech sou eng Aart Weichzeichner à la David Hamilton, oder sou wéi een oft Babyfotoe gesäit. Bis elo fannen ech d'Rous bei der No. 3 nach am natierlechsten, déi ass onbeaarbecht.
luxiline 09.03.2013 - 13:41
wéi fënns du Nr. 5?
Zora 09.03.2013 - 15:52
mer huet dei zweet eigentlech am beschten gefall, bei der 5 geing ech nach e beschen Kontrast dran man, mee daat ass awer just meng Meenungsmile

(Passwuert verluer)

Foto vun der Woch

bei den Beginen

Eis Partner

VisionLecuit

Am Moment online

Keen Member online
 
 
Neisten Benotzer: Javi
Am Ganzen: 3725
keen Benotzer an 495 Gäscht online