Sorry, xtoph69, ma do muss ech ganz éierlech och soen: firwat hues de keng Blumm gewielt déi voll an der Bléi war? Dat do gefällt mir nämlech éierlech gesot als Blummephoto nët immens gudd, déi ass total verwelkt.
Ausser natiirlech du häss doduerch iergendeppes duerstelle wëllen wéi z.B. eng séier Vergänglechkeet, ma ech menge nët dass de dat wëlles has, oder? Dofir wiere mer nämlech dann déi aner kräfteg Faarwen um Bild nët passend.
Maach mol nach e puer Blummephotoen mat "frësche" Blummen