Dei zweet ass och cool, 3 fannen ech lo net sou gudd .. do fehlt een Eye-Catcher .. villeicht ënnen nach méi an den Pano gecroppt ? Dass den Baam méi Dominant gët ?
3t ass effektiv en bëssen speziell. Wann ech se méi schmuel maachen dann kréien ech den Problem dat den Bam d'Bild an 2 deelt, dat ass mengen ech och net sou gutt. Kéint héchstens nach en bëssen...
Läit einfach um Motiv. Op der zweeter Foto, wous de och hikucks, ob an d'Mëtt oder an een Eck gesäis de dass de Bildopbau flott ass (ass jo däi Verdingscht!), woubai bei denen aneren groussflächeg einfach näischt ass. Bei der éischter z.B.: Wisou hues de lénks do opgehal an se net éischter ofgeschnidden? Gëtt kee Grond, ass einfach e choix. Bei der drëtter ass et dat selwecht mat riets
Vir déi éischt muss een sech den laangen Wee an den 30cm déiwen Schnéi tesselen, dofir gesäit een dat wahrscheinlech net sou oft...
Bei der drëtter ass et mer u sech gaang dat ganzt en bëssen méi surreal duerzestellen. An Venn ass einfach grousst Näischt. Hat op dem Schluck säin Kommentar hin en Crop probéiert, mee do ass den Bam mer dann se dominant dran. Géif et net och vläicht goen wann ech se en bëssen ofdäischteren dat am mëttelsten Deel nees méi Zeechnung ass? Dann géif se jo och net sou eidel wierken.
Ech wees et net, misst daat selwer sou am lightroom& co gesinn wei daat op d bild giff wierken. Ech huelen un dass de also bei der 3ter virun allem (nierft dem surrealismus) eng ganz steril landschaft wolls oofbilden? A dem fall wier d'oofdaischteren vlait kontraproduktiv och stéiren (mech zumindest) zevill saachen am bild (obwuel baal naischt do ass).
Läit et um schneih? ech wees et net, mais ech gi mat der 3ter net spu richteg waarm.
Mais nummer 3 huet einfach keng chance nierft 2 aaner super fotoen ze stoen.
Di éischt gefält mir och ganz gutt. Si ass ongewéinlech, gëtt awer gutt d'Stëmmung vum kale Wanterdag erëm, wou de Wand engem d'Schnéikristallen an d'Gesiicht ( an an d'Objektiv ) bléist.
Wahrscheinlech well se besser ass an du et selwer wees
Nee déi 2t ass och mega mee déi ass mer bessen ze metteg geschnidden mee soss flott.
Déi 1st fesselt awer méi. Villeicht well ech zevill Fotoen mat Schneih an gudd Wieder gesin hun. Ech mengen dei motivéiert Fotographen waarden op den Schneihstuurm wann Knipser hier Camera schon botzen.
Mier gefält se och besser, mee dat schéngt jo awer net sou eng allgemeng Meenung ze sinn. Mee virun allem hues du en bëssen den selwechten Goût wéi ech.