Merci Gianni, d'Desi war esou no dat et op de Millimeter an d'Rumm gepasst huet.
Di Foto ass uewen an ennen net gecropt ginn.
An desem Fall wier ech frou gewiecht emol manner Brennwäit gehat ze hunn
An Zäit fir op Heichformat emzestellen war keng méi
Wollt se awer weisen wéinst der léiwer Schnuff déi drop ass
Dann baste Excuseiert Marc Nee opjiderfall da Weisenswert dei heiten ! Iwert Bildqualiteit brauche ma hei souwisou net mei ze schwetzen, well dei ass jo awa Top !
Schued dass de ënnen nët méi hues... déi ungeschnidden Patten stéieren ee bëssen .. hunn mer d'Fro gestall ob ët nët besser wier se ënnen bis an d'halschent ze croppen .. hues de uwen nach ee bëssen Sput ?
Merci Schluck, ginn der do 100% Recht.
Ewéi ech dem Gianni geschriwwen hat, si ass uewen an ennen null % gecropt. Hunn weder ennen eppes nach uewen. D'Desi war einfach ze no.
Wann d'Desi géif net méi erem kommen, géif ech mer d'Méih maachen fir hei nach uewen an ennen e Stëck drunn ze setzen, mee ech hoffen jo dass et nach weider all Dag seng Nees siche kennt