Facebook
Twitter
Du bass nach net ugemellt. Mell dech gratis un
ëm wat geet et op Photogen.lu?
 

"Die Reise nach Jerusalem"

 
  • Fotograf:
  • Eropgelueden:
    21.02.2013
  • Gekuckt:
    18251
  • Favoriten:
    0
  • Kommentarer:
    11
  • Beliichtungszäit:
    1/500 sec
  • Blend:
    f/8
  • Brennwäit:
    800 mm
  • ISO:
    5000
  • Blëtz:
    No Flash
  • Beliichtung:
    0 EV
  • Gréisst:
    1000x667
  • Späicherplaz:
    451 KB
  • Originaldatum:
    2013:02:21 16:46:52
  • Fotoapparat:
    NIKON D700
  • Programm:
    Shutter Priority
  • Objektiv:
    AF-S 200-400mm f/4G ED VR II
Kategorie: Déieren »» Vigel allgemeng  
Extras:
TC20E III

Fir anzesetzen: [pg_img=70759]
Kommentar vum Fotograf:
Mäi Jéngsten (10 Joer) sot, wéi hien des Foto gesin huet, wéi ech se verschafft hun: Papa, di dote Foto muss du "Die Reise nach Jerusalem" nennen, dee Bergfink lénks, dee sëtzt jo schon sou do, wéi wann ee kee fir ze danze fonnt hätt.

A well dat mir gudd gefall huet, hun ech him nogelauschtert... :-)
Cypress 21.02.2013 - 17:45
*lol*
Déi Jéngsten hat Recht; e besseren Titel konnt ët fir déi doten nët ginn!
Kompliment! closed_eye
Nicon07 21.02.2013 - 18:23
Du seess et! closed_eye
Maimonides 21.02.2013 - 20:16
Dito, Cypress !
icylady 21.02.2013 - 18:40
fannen daat eng super Foto, vun den Farwen hir, Bildkompositoun, an den Titel natirlech, deen ass genial chapeau fir dain Jengsten smile
Nicon07 21.02.2013 - 20:38
Merci fir de Kommentar.
Schluck 21.02.2013 - 19:40
Jo, cool! ech géif se just riechten
Nicon07 21.02.2013 - 20:37
Déi Foto ass riicht! smile Di Coupe steet sou kromm an eisem Gaard, well ënnendrënner ee Stollelabyrinth vun de Wullmais ass. cool
Abacab 21.02.2013 - 21:08
Oh mam, en herrlecht Bild mat déier Vielfalt! Ass jo eng richteg Invasioun closed_eye
Gefält mer gutt!
Géif se just ewéi de Schluck bemierkt huet riichten an ev. den Hannergrond entrauschen.
Nicon07 21.02.2013 - 21:15
Ech hun, éierléch gesot, keng Loscht an och net richteg Zäit gehaat, fir mat Ebenen asw den HG ze entrauschen ouni d'Villercher zevill mat ze entrauschen. Dofir hun ech fir d'éischt dat ganzt Bild entrauscht an duerno d'Detailer nees rausgeschafft an nogeschärft. Mat dem Resultat, datt neess Rauschen an den HG komm ass. Ech hätt och kéinten d'Foto riichten, dat ass wouer, mais: ech hätt net geduercht, datt di Foto sou ee "Succès" hätt bigsmile, an ech hu se eigentléch éischter als eng Zort "Clin d'oeil" oder "Joke" gesin, an deementspriechend net weider intensiv nobeaarbécht. Mais wann ech de WE e bësse méi relax sin, da kann ech dat nohuelen. closed_eye
Abacab 21.02.2013 - 22:03
Fir des Foto géif ech mer e besschen Zäit huelen, sie huet et op alle Fall verdéngt closed_eye
Nicon07 21.02.2013 - 22:08
Ok! Dein Wort in meinem Ohr. Ech hätt wirkléch net geduecht, datt di Foto sou gudd ukéim. Mais séng eege "Wierker" betruecht ee jo ëmmer méi kritesch. smile

Da kucken ech mir di Saach mar dem Owend nach eemol méi genee un.

(Passwuert verluer)

Foto vun der Woch

bei den Beginen

Eis Partner

LecuitVision

Am Moment online

Keen Member online
 
 
Neisten Benotzer: Javi
Am Ganzen: 3725
keen Benotzer an 567 Gäscht online