Also do muss ech dir ganz éierlech soen, ech fannen eigentlech neischt
Besonnesches und denen Photoen. Et geseit e bessen esou aus wéi wanns Du do spazéiren gewiesch wärs an den Photoapparat matgeholl hätts.
Huel déi Kritik hei net ze perséinlech, an fotograféier roueg weider.
Merci fir däin Kommentar. Du hues Recht ech sinn do spadséieren gaangen an hunn en puer Fotoen gemaach déi effektiv relativ einfach an onspektakulär sinn. Sie spigelen awer déi roueg Stëmmung erëm déi do am Wanter herrscht, praktesch kéng Leit, keng faarweg Blummen, schonn bal bedréckend.