Facebook
Twitter
Du bass nach net ugemellt. Mell dech gratis un
ëm wat geet et op Photogen.lu?
 

Äis

 
Äis
Dës Foto ass eng Kéier ersat ginn (06.01.2013). Klick hei fir déi al Versioun ze gesinn
  • Fotograf:
  • Eropgelueden:
    06.01.2013
  • Gekuckt:
    38834
  • Favoriten:
    0
  • Kommentarer:
    29
  • Beliichtungszäit:
    1/400 sec
  • Blend:
    f/5.6
  • Brennwäit:
    800 mm
  • ISO:
    320
  • Blëtz:
    No Flash
  • Beliichtung:
    0 EV
  • Gréisst:
    800x533
  • Späicherplaz:
    254 KB
  • Originaldatum:
    05.01.2013
  • Fotoapparat:
    Canon EOS-1D X
  • Programm:
    Manual
  • Objektiv:
    Canon EF 400mm f/2.8 II & Extender 2x III
Kategorie: Natur »» Waasserausbléck
2. Kategorie: Déieren »» Vigel allgemeng
Extras:


Fir anzesetzen: [pg_img=69675]
Kommentar vum Fotograf:
vull, den eischten fir dëst Joër
BigVood 06.01.2013 - 09:17
Du lees d'Lat schonns zimlech héich direkt am Ufank Schluck.
Hunn awer lo ,mol misste kucken, mat wat engem Apparat dëst Bild gemeet gouf: dat rauscht jo sou vill wéi matt menger 60d! Sou staark ënnerbeliicht bei ISO320?
Schluck 06.01.2013 - 19:10
Ass ee gewéinlechen Äisvullportrait , näischt aussergewéinleches.
Gëschter woar guer keng Luucht an hat net obgepasst an d'ISOën nach ob 320 stoen .. wéi ech ët gemierkt hun woar en schon nees fort. Dofir hun ech missen am LR 2-3 Blenden pushen an dofir d'Rauschen um schwarzen Wasser.

Hunn se lo mol anstaenneg verschafft ..
Val 06.01.2013 - 11:09
Se sinn awer nach grad esou schéin wéi lescht Joer smile
Schluck 06.01.2013 - 19:10
Jo, du sees ët Val
gi87 06.01.2013 - 11:26
Schein deen doten, gefällt ma Gud ! Bei dem Wieder asset net einfach gud Biller hinzekreien, well Belichtung ass am Moment Katastrophal..
Wor de Freiden och do, wat helste hei vunner : Eisvull hei misst Esh leider mat 3200 Iso schaffen op 700 mm Blend 5,6..




Schluck 06.01.2013 - 19:11
Jo, woar zimmlech déichter an hat och nach nët opgepasst. Wat den Link lo mat menger Foto ze dinn huet hunn ech lo nët verstannen
Clod 06.01.2013 - 12:21
D'Joer geet jo schon gudd un,Tip Top dèi dooten.
Schluck 06.01.2013 - 19:13
Ech hat jo am Fong geduercht du géifs nach kommen closed_eye Gëschter ass jo nach gangen mais haut woar awer guer näischt
tinchen 06.01.2013 - 14:22
gefällt mer wierklech gudd! supper Faarwen (:
Schluck 06.01.2013 - 19:14
Merci tinchen, dat ass léif
Jeanny 06.01.2013 - 18:06
jo, do huet dir e wonnerbart Motiv Schluck,
Schluck 06.01.2013 - 19:14
Merci Jeanny, jo ass flott ze knippsen
hardae 06.01.2013 - 20:29
Schluck, si sinn ëmmer schéi ze kucken, déi faarweg Äisvullen. Du hues den dote schéin erwëscht. smile
Schluck 07.01.2013 - 11:31
Merci Harry, jo schéin sinn se, dat sees de gutt .. woar zimmlech düster den Weekend awer rëm flott ee puer Stonnen an fréier Natur ze verbrengen
Abacab 06.01.2013 - 20:38
Dat doen ass e supert Resultat, wann een bedenkt ewéi gro an düster et e Samsteg war...
Bei der doten Perspektiv könnt säi schéint Plomekleed gutt zur Geltung, an hieft sech a senger Faarwepracht schéin oof vun dem groen Hannergrond. Gefält mer ganz gutt!
Schluck 07.01.2013 - 11:33
Jo, den "Emstänn" entschpriechend... Hunn awer och lo gemierkt dass ech mat dem MacBook Pro mam Retina muss besser ob d'BEA obpassen .. vu que dass ech lo keen normalen Bildschirm méi hunn fällt ët mer nët sou richteg ob dass ee Bild komplett iwwerschärft ass. Merci Marc
Miau 06.01.2013 - 20:47
wonnerschéin Schluck
Schluck 07.01.2013 - 11:34
Enn décken Merci Miau
TC 07.01.2013 - 17:17
Schéinen Portrait!
Schluck 07.01.2013 - 17:23
Merci Thierry
Conley 07.01.2013 - 22:43
En schéine fräien Bléck hues de him gelooss, an den Hannergrond mat deenen klengen Wellen gefält mir och ganz gutt. Eng gelongen Opnahm Schluck.
Schluck 08.01.2013 - 10:19
Och dir merci gesoot Conley, dat héiert een gaer
BlackLizzard 08.01.2013 - 19:01
Dat ass dach wirklech e schéint Déier. Perfekt mat dem do Hannergronn.
Schluck 11.02.2013 - 15:30
Merci gesoot
Keup 11.02.2013 - 13:27
Flott. Deen wéilt ech wierklech och mol virun d'Lens closed_eye
Schluck 11.02.2013 - 15:31
Du wunns jo do an der Noperschaft .. kuck emol ob Ornitho.lu Wann d'Wierder gutt ass sinn ech zimmlech oft do ze fannen .. villeicht begeint een sech jo mol
Keup 11.02.2013 - 16:50
War schon oft do an gesin en nie closed_eye Dach eenmol an esou weit ewech. Mee gin net op closed_eye
Schluck 11.02.2013 - 18:38
Wann's de ën bis eng keier gesinn hues ass ët mengen ech méi einfach .. ech hunn ën virdrun och nach nie gesinn gehaat masi elo gesinn ech ën baal all kéiers wann ech do sinn
Keup 12.02.2013 - 00:41
Bal all Kéiers du mëss den Geck. Dann sinn ech blann closed_eye

(Passwuert verluer)

Foto vun der Woch

Tunnelbleck

Eis Partner

LecuitVision

Am Moment online

Keen Member online
 
 
Neisten Benotzer: Javi
Am Ganzen: 3725
keen Benotzer an 510 Gäscht online