okay, kuken mer et nach enka un, mee mengen ech war do wou ech se geschnidden hun net dermat averstaanen... xD
(lenks an riets haat ech dDier drop, an vun uewen sou een hässlechen Spot-flare) war net déi ideal Platz fir mat Cropsensor ze schaffen....
Also, ech gesi nun awa nick waat de Cropsensor domat ze din hott... E Fullframesensor hätt hei m.M.n. de Problem vum Cadrage nick vereinfacht.
Dovun oofgesin muss ech dem Edy recht gin, d'Linn ënnen häss de roueg kënnen oofbäissen, schliesslech ass se jo nach owen eng Kéier ze gesin...
am Vollformat, huet een méi Platz an den milimeter...mee well ech um Crop schaffen kommen ech méi séier an den "superwaitwenkel" den ongenschteg as fir Modelen ze knipsen...
oder anecht: et steet een méi séier mam Reck widdert der Mauer!
Bon ok... also du haass hein eng Brennwäit vun 32mm, bei engem Vollformatsensor häss do natiirlech méi Loft ronderëm gehaat, respektiv eng Brennwäit vun 48mm (wa mer vun engem Faktor 1,5 ausginn) fir mam Vollformatsensor de selweschten Bildausschnëtt ze hun ewéi hei...
Wanns de hei mat 28mm operéiert häss, häss de och méi Loft ronderëm gehaat, ouni elo Perspektiv dramatesch ze veränneren.
Wéi gesäi daat eigentlech bei enger Kompaktcamera aus? Do wärs de vläicht bei 8mm Brennwäit gewiercht (Zoulemàissëg e Megasuperwäitwenkel, praktësch awer mat engem Blëckwënkel vun ca 35mm bezunn op Vollformat)...