Op den Eichten Bleck gefällt mir dei heiten ganz Gud, geht en awa elo mei an den Detail eran, dan Froen Esh mesh bei enger 30tel Sekon wisou do nach bereicher Op da Foto sen dei Total Schwarz sen wat e bessen bizzare wiekt. Bon dann den "Halo" iwert de Fielsen ass och komesh, an net wieklech Verstendlech vun wou hier den Kennt.. An dan e Aleschte Punkt den mesh e bessen un da Orginaliteit vum Bild zweifeln leist ass, wisou sen deng Stären hei net verzun gin ? wel bei esouenger abelichtungszait missten Straifen entstohen..well esh selwer hun esou Fotoen och schon gemach an mat allen meiglegen Werten Experimenteiert, an dei Ungaben wous du do heus man mesh skeptech,...
Ech hun just gewisen dass ech net ganz domat averstanen sinn wann een schreift "schéin Foto", daat trefft fir mech net ganz den Senn vun deser Plattform .
op alles anecht lossen ech mech souwisou net an, (AS OCH NET AM SENN VUN DER PLATTFORM...seuftz) ech hoffen du hues och dofir Verständniss!
Dan Schreiw nexte keier net just XD, an schreiwet aus waste soen wells. an no da Chronologie hat esh mein Kommentar korrigigeiert an dan brauchste ma net nach .... sos schreiw dein Kommentar nei... drenner ze schreiwen. Esh lossen mesh och net ob dein Blödsinn hei ann, well mengen net dass dat Konstruktiv vun denger Sait wor waste do beigesteiert heus... Bon anelo gedet Deur, jidereen heut elo saint gesot, an wannet dan leden Esh dat heiten och weider un den Admin, well neideg sen Esh dat net.
Mam halo ass wouer, mee mat dass Staeren sech verzeien ass mei einfach ze erklaeren. Mat cropsensoren muss een dei zuel 600 duerch den focal length vun sengem objektiv deelen, dann kritt een den maximum vun sekonnen belichtungszeit eraus ouni strecher ant foto ze kreien. Bei menger 550D, also mat cropsensor, muss een dann 400 duerch den focal lenght deelen, an mengem fall dann 11. 400 : 11 = 36,3
36 Sekonnen sin dann den absoluten maximum
Den Halo geht guer net, wei schon gesoot gouff. Den Himmel kann roueg mei hell gemach gin, mais dann soltl et propepr verschaft sin dat keng Haloen entstin.
Ech geiff daat nach eng Keier probeieren.
Am Camera-RAW kriss de daat ouni Mask hin wanns de deng Hellegkeet erop setz an einfach den Schwarzwert och erop zitts. Am schlemmsten Fall nach e bessen mat engem Verlaafsfilter nohellefen.
jo, mee op der anerer säit: wann all mënsch et hallewhärtzeg mecht, firwat soll een et dann nach genau man? also et as jo wéi bei McDonalds: mär wëssen all dass et schrott as, mee iergendwéi kanns de deene sachen net aus de féiss goen. an et get jo och offiziell "restaurant" genannt. an d'leit bezuelen dofir.
AUSSER et giff ee verschidde qualitéite vuneneen trennen. also dee moment wier dat hei zwar nach emmer fotografie, an nach emmer konscht. mee vu dass et ebe vun deene meeschte leit als onwichteg ugesi get, qualitativ ze sin, as et eben fast-shoot
majo, mee mach lues: firt éischt well ech joi awer nach vum Criss héieren wou säin hannergedanken as. also dass en dat net gesin huet, schléissen ech aus, an do si mer eis mengen ech eenz. mee entweder en huet et gemach, an duerno geduet "oh, egal. déi aner man dat och all, an et schéngt jo keen ze stéieren!" ODER en huet et gemach an duerno geduet "hei tiens, dat as awer schéin. vill besser wéi wann ech einfach nemmen den himmel méi däischter gemach hätt!"
do as jo awer ee groussen ennerscheed. deen ännert näischt dorunner ob mär dat bild hei elo flott fannen oder net. mee deen ännert eppes eisem gemeinsame versteesdemech vun der moderner photografie déi jo ganz kloer vun eis all geprägt get!
net ze vergiessen dat et och Leit gin Marc, dei zwar gut Fotoen machen, mais net onbedingt epes vun PS an Maskeieren verstoen mussen.
Den SBCriss huet zwar gut Fotoen, mais op hien elo en PS Expert as wees ech net ...
jo, an anerersäits muss een sech emmer e bessen zwéngen un deem anere säi recht ze gleewen. well sou secher ech mer och sin dass dat do net "gudd" as, sou secher sin ech mer och dass mech méng sëcherheet drun hënnert méi schlau ze gin. well méi schlau gin as prinzipiell ee gudde virsatz fir mech
Ok den halo ass net ganz gelongen, mee gouff net richtech eenz en ewesch ze kreien, well ech eben wei den Gaga schon soot net wieklech vill erfaarung mat photoshop hun, just eben dei neidechst saachen. Mee bon dei foto hei gett kommenteiert wei wann staerenopnahmen esouuu einfach wieren, wann dir dat all mengt dann maacht et mool selwer, sin mool gespaant well esou einfach ass et guernet, muss een eng gudd donkel plaatz hun waat hei am land schweier ze fannen ass zumools wann een keen führerschein huet, an dann kommen nach tonnen aaner Saachen derbei.
Mee jo mam halo muss ech iech schon recht gin, haat gemengt daat ging net esou krass steieren
aah, hei as en
majo, ech gleewen der dat. wéi gesot. ech hun zwar schon dacks fotoen an der nuet gemach, an ech hu mech och scho flott mat de stäeren op nuetsopnahmen ameséiert. mee emfong hun ech -wann ech mech richteg erenneren- nach nie d'stäeren unsech als motiv geknipst! ech an mech engkéier do derhannert, an da kcuke mer emol
apropos photoshop: wees de, amfong as et jo esou: du muss jo nemmen 2 fotos man, eng méi hell, eng méi däischter, an dann déi 2 mixen. an däi fehler as dass de een zevill weeche pinsel benotzt. probéiert engkéier eng vun deenen 2 techniken:
1.: selektiv mask. d.h. ähm... Select->Color Range ... do kanns de e besse spillen, a probéieren eng méi natiirlech mask ze erstellen. meeschtens muss een e bessen triwwelen, oder 2-3 mol usetzen bis et gudd ausgesäit. d'0iwwergäng tëschend himmel an äerd sin deemoment mam bloussen Aa manner séier ze erkennen.
2.: ganz vun hand schaffen! z.b. einfach mam lasso lanscht den horizont fetzen! eng HAARD mask, net eng WEECH wéi bei déngem beispill. däi beispill as suguer super dofir, well du hues keng Beem dran mat nervegen äscht. a keng moss mat krauselkapp! mega praktesch
an dann as et wichteg dass de der zäit hälls dofir, an dass de opt mannst eng nuet driwwer schléiws. well den dag duerno garantéieren ech der dass de nach fehler fënns déis de virdrun net erkannt hues, well esou eng aarbecht hypnotiséiert an och ech weise meeschten vill ze fréi fotoen, an alermeeschtens wannn ech eppes eroplueden, fällt mer scho beim upload an wat ech fir fehler gemach hun. fehler déi mer beim verschaffen fior ze frecken net opgefall wieren
Okay villmools merci fir d'erklaerungen, waert mech next keier dann mei laang dohannert setzen an dann och mei genau schaffen, an deng techniken hei unwennen, merci!
Salut, wann ech aaner Stäerenfotoen vunn Däer kucken : Wind Power
froen ech mech waat's Du eis hei wells weissen.
Eng Foto dei ansech nemmen negativ opfällt ann alles falsch gemeet gouf. Wann ech jo weisst: "Denn SBCriss kann ett jo net besser" kann een jo mol een Tipp ginn fier ett besser ze maachen. Du kanns awer esou Fotoen perfekt maachen. Awer daat wees Du bestemmt selwer.
Waat wells du mer domadder soen, ech verstin net fierwaat dei foto wouste ungehaangen hues negativ soll sin, hannert esou enger stecht vill arbescht, an wannste net richtech verstees wei et gemaach gett, dann google mool ''Startrails''
Sorry wann ech mech esou ausgedreckt hunn dass Du mech falsch verstehs....
Mat der Foto "Wind Power" hunn ech een Beispill wollten ginn fier ze weisen daat's Du och ann mengen Aen perfekt Stäerenfotoen hinkriss.
Ett geht mier awer emm dei Foto "South France Nightsky". Hei ass daat riesend schwartzt Laach an deen Halo.... waat onangemehm ass. Den Himmel ass gudd, ouni Zweifel. Hei erseift den Himmel iwwert dem Rescht. Landschaft ant Mier geif ech awer nei verschaffen. Ett geht hei net emm den Himmel mää em den Rescht....