Facebook
Twitter
Du bass nach net ugemellt. Mell dech gratis un
ëm wat geet et op Photogen.lu?
 

Hedwig

 
Hedwig
Dës Foto ass eng Kéier ersat ginn (20.11.2012). Klick hei fir déi al Versioun ze gesinn
  • Fotograf:
  • Eropgelueden:
    20.11.2012
  • Gekuckt:
    20704
  • Favoriten:
    0
  • Kommentarer:
    29
  • Beliichtungszäit:
    1/400 sec
  • Blend:
    f/3.2
  • Brennwäit:
    400 mm
  • ISO:
    100
  • Blëtz:
    No Flash
  • Beliichtung:
    0 EV
  • Gréisst:
    533x800
  • Späicherplaz:
    240 KB
  • Originaldatum:
    2012:11:20 14:30:00
  • Fotoapparat:
    Canon EOS-1D X
  • Programm:
    Manual
  • Objektiv:
    Canon EF 400mm f/2.8 II & Extender 2x
Kategorie: Déieren »» Vigel allgemeng
2. Kategorie: Déieren »» Zoo / Fräigehege
Extras:


Fir anzesetzen: [pg_img=68532]
Kommentar vum Fotograf:
Dem Harry Potter seng Schnéieil, déi ech am Oktober geknippst hat
hardae 20.11.2012 - 14:51
Wow Schluck, dëst Schnéiéil stécht engem direkt an d'Aen. Déi weis Fiedere mat e pur schwaarz flecken an den orangen Aen.
A wou setzen déi am Oktober? Muss mech emol eng kéier mat huelen. closed_eye
Schluck 20.11.2012 - 17:04
Merci Hary, ob allen Fall nët ob der Photokina closed_eye .. obwuel wees nët ob déi do ët vill besser hunn .. dofir hunn ech se bis elo nach nët gepost.
Sirius 20.11.2012 - 14:54
Schéint Déier smile

Huelen un dass daat an engem Zoo war oder?
Schluck 20.11.2012 - 17:02
Merci Sirius, jo ënn immens scheint Déier .. däin "oder ?" éiert mech .. an fréier Natur muss de schon an Kananda, Scandinavien oder Sibierien goen fir déi do ze fannen, dat do woar leider just an engem Déierenpark
MarcGerard 20.11.2012 - 15:30

uhuuu! smile
eng wäiss eil!
Schluck 20.11.2012 - 17:05
Jo gëll.. an dann nach ob foarwegem Hannergrond
NikonD80 20.11.2012 - 15:37
schéint Déier, an super Foto
Schluck 20.11.2012 - 17:06
Merci gesoot, jo ass een impressionant Déier .. witzegerweis woar ech den selweschten Dag op Pompey eng Austellung kucken an den hat Biller vun enger an fräier Natur ob der Juegd
Jeanny 20.11.2012 - 15:38
an der fräier Natur oder? wei stolz hieft se hire Kapp an Luucht.
wonnerbar Schluck
Schluck 20.11.2012 - 17:10
Och dir merci fir den "oder ?" Ass awer léider an engem Déierenpark, mais ass awer een impressionant Déier.
petz65 20.11.2012 - 15:42
Filmreif fir dei nächst Verfilmung closed_eye
Schluck 20.11.2012 - 17:11
Merci petz, jo duerch den Harry Potty ass se bekannt ginn
JC1967 20.11.2012 - 16:33
Den Harry Potter vermesst dei doten. Deng Eil stecht wonnerbar aus dem hierschtfarwegem Hannergrond eraus. En wonnerscheint Deierechen.
Schluck 20.11.2012 - 17:12
Jo, ass wierklech een impressionant Déier an d' Hierschtfoarwen machen ee scheinen Kontrast
Abacab 20.11.2012 - 17:23
Schéine Bokeh an eng optimal a gestache Schärft op deem wonnerschéinen Vull!
Schluck 20.11.2012 - 17:27
Um Bokeh hunn ech héi och am mëschten geféillt .. Merci Marc
abrissreif 20.11.2012 - 17:53
Freie Wildbahn oder Zoo? Foto is top, aber das weißt du sicher.
Schluck 20.11.2012 - 17:54
Leider Zoo/Tierpark .. ja das Bild hat mir trotzdem sehr gutt gefallen .. Freie Wildbahn wär ein Traum
micky-maus 20.11.2012 - 18:37
Schein mat deem daischteren Hannergrond.
Joo dei Saach mat dem Zoo... confused
Schluck 20.11.2012 - 18:39
Jo, du sees ët ... do kann ee Bild nach sou super sinn ... mir geet ët och ëmmer sou .. wann ët an freier Wildbahn wier wär den Hannergrond weiss an ech hät mer den A... ofgefruer fir dat Bild do
BlackLizzard 20.11.2012 - 20:57
Dat ass e genial schéinen Villchen. Eng super Foto.
Schluck 20.11.2012 - 21:08
Jo, een impressionanten Villchen merci gesoot
Charly_Ente 20.11.2012 - 21:04
e wonnerscheint Bild vun engem eng wonnerscheiner Eil bigsmile schöööön smile
Schluck 20.11.2012 - 21:09
Merciiiiiiii Charly
Conley 20.11.2012 - 22:05
Den Hedwig ass neet am Déngscht hien hutt keen Bréif dobäi.... Super di do Schluck.
Schluck 21.11.2012 - 10:55
Jo, een woar grad an der Mëttespaus bigsmile Merci Conley
Jacques 21.11.2012 - 09:28
Deen donkelen Hannergrond get deser Foto e besonnechen"touch" an den Hedwig stecht gudd eraus!!
Schluck 21.11.2012 - 10:57
Merci Jacques, an dem Bild do stecht ee ganzen Koup BEA dran virun allem am Hannergrond den original ze déichter woar an och nach d'Striewwen vum Droht ze gesinn woaren an och d'Kontraster an den Plommen ob der Brocht déi ech wollt betounen.
Jacques 21.11.2012 - 11:39
Jo, daat ass vill Arbecht!
Ech haat den Probleem mam Hannergrond bei mengen Villecher a woar laang beschäftecht domattsmile Em sou besser wann d'Resultat och demmentspriechend assclosed_eye

(Passwuert verluer)

Foto vun der Woch

Tunnelbleck

Eis Partner

LecuitVision

Am Moment online

Keen Member online
 
 
Neisten Benotzer: Javi
Am Ganzen: 3725
keen Benotzer an 438 Gäscht online