Also ech muss hei erem ganz eierlech soen ; daat do sin fier mech effektif Schnappschess.
Ok, du schreifs, "spontan Fotoen aus der Vakanz". Dan muss ech der awer soen dat Photogen keen Onlinestock as fier privat Familienbiller, mais en Site fier Fotografen dei sech iwert hiert Hobby wellen austauschen, diskuteieren, kritiseieren an berooden.
Ech wees dohier elo net obs de der Kritik erwuarts waat hei gut oder net esou gut as ?
Wier villeicht flott wanns de et dann an dengem Kommentar gengs uschwätzen, esou wei se lo do stin mat dem Kommentar, geheieren se an mengen Aan net heihin.
Also fier lo net zevill an en semi-professionelen Portraitshoot ze goen an einfach bei "Vakanzenfotoen" ze bleiwen,
mech steiert dat een hei 3x daat selwecht gesait: t'Lara !
Et kann een sech natierlech denken, dat et t'Lara op der Plage as, t'Lara bei enger bloer Mauer, an t'Lara op der resterantsterrasse beim schnecken, mais weieng Plage ?
Wei wor et op der Plage ? Wei wor t'Wierder ? Woren vill Leit do ? etc etc etc ..... sou Fotoen gin schnell langweileg. t'Nàchst Joer kucks de dein Album an gesais 300 Fotoen vum Lara, awer net wou et wor, wei schein et do wor an waat nach alles ausser dem Lara lass wor.
Dofier geng ech der rooden : 3telregel, en 2ten Sujet an den Hannergronnt, emmer e bessen Himmel ... einfach eng gesammtopnahm vum Moment machen, net en Detailshot vum Lara.
Natierlech as et ememr erem mol schein en Kapportrait ze hun. mais wann all deng Vakanzenfotoen sou sin, dann hàss de se och Doheem op der terrasse machen. Emgedreinnt hues de bestemmt och schein Fotoen vun der Plage, vum Hotel, vun der Landschaft ... mais fierwaat net dei 2 Sachen verbannen ?