Ech wollt awer och nach eng Vue vun der Plaz virun dem Bau vum Monument weisen: Moies fréi
D'Monument steet zimlech genau do, wou di agezaimten Uebstbeem op der Foto sinn.
architektonesch gesin gefaalen déi éischt dräi Biller mer gudd, de sujet mecht mech awer traureg, meng Schwester war och onschëlleg Victime, an réischt 18 Joer aal.
ech weess awer lo net op ech bei deem dooten Monument un hat denken
do kënnt nr4 besser, passt net sou an d'Série , kéint een "la famille amputée" nennen
bon ass awer elo e komplett subjektiven Feeling
Merci fir deng Iwwerleeungen heizou. Sécher ass de Sujet näischt waat lëschteg ass, an ech hun och daat versicht a menger Bearbechtung e bëssen eremzegin. Am Original mam strahlend bloën Himmel wirken se ganz anescht...Nr 4 wor spontan gemach, mee ech hun awer duerno u genau datselwecht geduecht wéi's du schréiws.
Dat mat denger Schwester ass traureg! An egal wou een elo perséinlech un Affer aus dem Stroosseverkéier denkt, an op een dat Monument do flott , ugepasst oder wéi och ëmmer fënnt, fannen ech et awer gudd datt iwwerhaapt mol e Monument opgeriicht gin ass...wëll jidfereen vun eis ka scho muer een Deel dovuner sin...
WOW ! Simplistich an awer esou beandrockend ! Nr 2 ass topp an kéint fier sech stoen. Hun do irgendwéi missten un NY an WT center Mahnmal missten denken.