Facebook
Twitter
Du bass nach net ugemellt. Mell dech gratis un
ëm wat geet et op Photogen.lu?
 

De Baam...

 
De Baam...
  • Fotograf:
  • Eropgelueden:
    08.10.2012
  • Gekuckt:
    8614
  • Favoriten:
    0
  • Kommentarer:
    17
  • Beliichtungszäit:
    1/200 sec
  • Blend:
    f/5.6
  • Brennwäit:
    110 mm
  • ISO:
    n/a
  • Blëtz:
    No Flash
  • Beliichtung:
    0 EV
  • Gréisst:
    533x800
  • Späicherplaz:
    595 KB
  • Originaldatum:
    2012
  • Fotoapparat:
    NIKON D3100
  • Programm:
    Manual
  • Objektiv:
Kategorie: Natur »» Makro  
Extras:


Fir anzesetzen: [pg_img=67328]
Kommentar vum Fotograf:
...huet schon vill méi erliewt a gesin wéi mir .....
ZerberuZ 08.10.2012 - 23:22
an en baam hun mer alleguer och schon gesin ! fannen elo op der foto do naischt wierklech interessantes .. sorry.
gi87 09.10.2012 - 07:30
Do gin Esh dem ZerberuZ recht, do heut net vill mat Fotografie ze din, anemplus ass Bill Iwerschärft..
JC1967 09.10.2012 - 08:50
Moien Paul, ech sin een den selten hei eng Kritik get well ech mech selwer nach net gud genuch fannen fir anneren hir Fotoen ze kritieseieren. Hei muss ech awer leider soen dass deng Foto langweileg, iwersatureiert an iwerschärft ass. Ech hun och e puer flott Fotoen vun dir (Sonnenblum zB) hei gesinn an sinn der Meenung dass wanns de der e weineg mei Gedanken iwwert deng Fotoen geifs machen an net nom Moto: hauptsach all Dag 2 Fotoen um Site" geifs verfouren och mei positif Kritik keim. Bei allem Respekt, bei sou Fotoen wei deser wenschen ech mer Zensur erem seier zereck. Mei Komm ass net beis gemengt an soll der weiderhellefen. smile
Paul-H 09.10.2012 - 14:44
Vu wegen Zensur: Ech wees net genau wéi daat gelaaf ass, hun do e puer Leit décidéiert oder just een? Also ech kruut do Fotoen refuséiert déi bei heise.de ganz gudd ukoumen an ech kruut der hei akzeptéiert déi do zerappt goufen. Also, ech wéilt net deen sin deen hei Zensur mecht. Iwerhaapt haat ech d'Gefill, daat well ech mol ganz däitlech hei soen, dass d'Zensur des öfteren noom Numm vum Auteur décidéiert huet an net no der Ausso oder der Qualitéit vun der Foto!
ZerberuZ 09.10.2012 - 18:31
dann muss heise.de bestemmt vill mei besser gudd sin wei photogen, well hei verstinn se naischt vun fotoen ...
sorry fier den sarkasmus .. mais wann een op heise der seet dein bild ass gudd an hei soen 4 oder mei lait dein bild ass net gudd dann huet natierlech deen een vun heise rescht.
Photogen huet fier an noodeler an ech sin och net oft hei online fier den lait ze schmeichelen oder kritik oofzegin, mais trozdem ass photogen en site wous de definitif eppes kanns bei leieren !
elo zereck zum bild ....
"den baam huet schon mei gesin an erlierft wei mir" stemmt ... wisou weis de dann den baam net an enger expressiver art an weiss dei dem alter an der scheinheet vum baam gerecht get ? anstatt just en steck "Baumrinde" oofzefotografeieren ?
wann schon en deifsennegen text bei eng foto oder en statement matt engem bild maachen .. dann probeier et och esou hin ze kreien dass den statement genausou wei d'bild uspriechen...
wann bild usprecht spillt et emol keng roll op et scharf ass oder ennerbeliicht oder waat och emmer ....
daat hei kennt eischter eriwer wei .. wann ech geif mein "knei" knipsen an soen meng "feiss" sin schon weit gelaaf ... hoffen du verstees wei ech daat mengen .. smile
an elo daerfs de mech och haasen !
Paul-H 09.10.2012 - 22:12
Ech haasssen hei keen, an Dech och net. Ech mengen just dass et hei (an domadder mengen ech mol net onbedingt Dech) Leit gin déi offensichtlech just photogen kennen an desen site als Mieslaat vun Qualitéit huelen. Daat ass e Fehler an dobäi bleiwen ech. Trotzdeem fannen ech dass mir hei eng gudd Diskussioun haaten.
gi87 10.10.2012 - 20:36
Also, Photogen als Mieslat ze heulen dat wir lo licht aiwerdriwen, well mat esou Fotoen mengen esh net dass dat geeht, ob Saiten ewei FC, 500Px etc.. do gin dauernd vill Super Fotoen erop geleuden, an do gesin och denen Beschten hier Fotoen hei lamentabel dogeint aus,.. Gief schon mengen dass Leit hei mei ewei just de Photogen kennen, an wannse Kritik ofgin ewei hei dann asse schon Berechtegt, an dat muss en Akzepteieren, an net well en op Saiten vun engem gesot kritt dass Bild flott ass, dasset dann dono och op anner X Saiten Top ass..
OK-Photography 09.10.2012 - 11:41
ähnlech wei bei deser: Am déiwen Besch


fannen ech dass et bei Waitem NET duergeet an den Besch ze goen an do quasi wahllos duerch dGéigend ze knipsen....closed_eye

Fir mech brauch eng Foto Struktur, Déift an Kontroll an eng Iddi!
een einfachen Baam, geet mir net duer...
Paul-H 09.10.2012 - 11:49
Do gesäit een wéi d'Meenungen auserneen gin, op heise. de kréien ech de folgenden Kommentar vun engem zimlech renomméierten Mann:

quote
Klasse Strukturen, gute Schärfe. Gefällt. HG
unquote

Alles affaire de gôut, gell?
Johny 09.10.2012 - 11:53
En huet och net Onrecht, d'Strukture vum Bam si gutt, an d'Schäerft ass do (vläicht en Tick zevill wéi schonn erwähnt gouf). D'Strukture vum Bam waren awer do (an sinn och lo ëmmer nach op der selwechter Plaz), an d'Schäerft ass éischter eng technesch Basis fir iwwerhaapt eng akzeptabel Foto... smile
Paul-H 09.10.2012 - 14:36
Johny: Ouni "eng technesch Basis fir iwerhaapt eng aktzeptabel Foto" kennt der jo awer hei e puer apaaken, do sin mer eis jo awer secher eens? Hei sin schon Fotoen als Foto vun der Woch gewielt gin déi waren au détongueart grottenschlecht mee nodeems se duerch den PS gelaaf sin waren se op e beemol super. Domadder verurdeelen ech keen deen mat PS schafft, och daat muss jo geéiert sin. Ech wollt mat mengem Baam eppes ausdrècken-, des Kéier lo mol ouni dass den Akzent op der technescher Qualitéit läit. Mee vleit ass daat hei wirklech net déi richteg Plaatz fir sou Saachen, daat gesin ech sou lues an.
Johny 09.10.2012 - 14:44
Hei si méi onschaarf Fotoen drop, do hues de Recht, mee dat ass jo lo kee Grond dass deng soll gutt sinn smile (Zur Wochefoto an PS do ginn ech der vollkomme Recht, mee dat ass en anert Thema). Trotzdem wëlle mer probéieren dass een sech bëssen méi kreativ Gedanke mécht ëm engem seng Aarbecht, an en Bam (technesch gesi propper) sou ze fotograféieren ass net kreativ. Et ass net méi komplizéiert wéi dat... smile
Paul-H 09.10.2012 - 14:46
Gudd, domadder kann ech liewen.
gi87 09.10.2012 - 13:46
An ween wor den renormmeéerten Gudden Mann ? De Pastouer an da Kierch ass och e feinen an Renormeierten feinen Mann, an awa glewt een och net alles closed_eye , wat esh well domader soen ass, dass jidereen et annecht gesait, an wei an desem Fall, wou Foto wiekleg e lo keen Meechterwiek ass, do muss en dan Akzepteieren dass En Kritik krit, och wann se Negativ klengt, wat een annersaits och net Perseinlech soll opheullen. Am Ufank wor esh och emmer da Meenung meng sachen wou esh gemach hun wären Top an hei an do, bis ma Aaen och mol Opgemach gin sin, dass esh falsch lung mat mengem Gefill zu da Photografie..Haut bezeechnen Esh meng Biller nach emmer net als Top, awa Esh gief soen esh hun geleiert dem Sujet am Bild eng gewessen Valeur ze verleihnen, soumader mann esh mein Bild direkt mei interessant..
Paul-H 09.10.2012 - 14:40
Ech akzeptéiren jo och Kritik, mee bei mir muss een eben och domadder rechnen dass ech mech mol rechtfertegen. Fir de Rescht: Siehe meng Entwert un den Johny.
P.S. Iwerhaapt ass et emmer eng gudd Saach op e puer Siten doheem ze sin, wann dann eng Photo iwerall zerappt gett, dann wees een wou een drun ass. Mat deser Foto ass daat eben net esou.
JC1967 09.10.2012 - 14:07
Ech hun heimader mein leschten Kommentar bei dir ofginn: Mam Kap duerch d'Mauer an nemmen neischt vun anneren unhuelen. Weider esou.
Paul-H 09.10.2012 - 14:27
Wanns Du et sou gesäis: Da looss et sin. Ech hun domadder keen Problem. Waat hei oft net verstaan schengt ze gin: Et muss een net no all Kritik 100x mea culpa jäitzen-, ech hun just wollten drop hiweisen dass et zu deser Foto (secher meng Bescht, gin ech gären zou) och aaner Meenungen gett daat war et schon-, méi net.

(Passwuert verluer)

Foto vun der Woch

bei den Beginen

Eis Partner

VisionLecuit

Am Moment online

Keen Member online
 
 
Neisten Benotzer: Javi
Am Ganzen: 3725
keen Benotzer an 625 Gäscht online