Facebook
Twitter
Du bass nach net ugemellt. Mell dech gratis un
ëm wat geet et op Photogen.lu?
 

Nilgäns mat Klengen

 
Nilgäns mat Klengen
Dës Foto ass eng Kéier ersat ginn (26.09.2012). Klick hei fir déi al Versioun ze gesinn
  • Fotograf:
  • Eropgelueden:
    24.09.2012
  • Gekuckt:
    24682
  • Favoriten:
    3 (Wen?)
  • Kommentarer:
    25
  • Beliichtungszäit:
    1/500 sec
  • Blend:
    f/7.1
  • Brennwäit:
    560 mm
  • ISO:
    800
  • Blëtz:
    No Flash
  • Beliichtung:
    0 EV
  • Gréisst:
    800x400
  • Späicherplaz:
    231 KB
  • Originaldatum:
    2012:09:24 21:26:29
  • Fotoapparat:
    Canon EOS-1D X
  • Programm:
    Manual
  • Objektiv:
    Canon EF 400mm f/2.8 II & Extender 1,4x III
Kategorie: Natur »» Waasserausbléck
2. Kategorie: Déieren »» Vigel allgemeng
Extras:


Fir anzesetzen: [pg_img=66923]
Kommentar vum Fotograf:
Héi nach eng vun der Nilgäns mat denen Klengen am Pano gecroppt.

Merci dem Ernie fir den Tip!

Héi ass nach eng Serie:

Nilgäns mat Klengen
JohnJ 24.09.2012 - 21:32
gefällt mer ganz gutt...
hun nach keng Klenger gesinn bis elo
Schluck 24.09.2012 - 21:38
Jo, se sinn léif, mais faerten dass déi awer ee bëssen spéit drun sinn sou kuerz virum Wanter
JohnJ 24.09.2012 - 21:40
mengen och net dass dei et packen ...:o(
VeloBen 24.09.2012 - 21:35
Déi Perspekyive ass gelongen ! SUPER ! Lungs de do um Bauch ?
Schluck 24.09.2012 - 21:37
Jo, ob engem Steg um Bauch an dann flaach iwwert d'Waasser .. Merci
Abacab 24.09.2012 - 22:37
Immens flott!


aus der gewinnter Schwaneschluckperspektivclosed_eye
Schluck 25.09.2012 - 14:57
Merci Marc, jo genau .. closed_eye
gi87 25.09.2012 - 12:37
Fantastech ! Super mat dem Länglechen Format heuste Scene hei Kadreiert !
Schluck 25.09.2012 - 14:57
Merci Gianni
Gaga 25.09.2012 - 14:43
mol eng Keier soen ech naischt geintn den Zentreierten Kadrage, hei gefàllt mer deen nämlech saugut, well t'Bild jo baal schon eng Symetry weisst.
Ech geiff gàr wessen ops de nach e bessen spill ronnderem hues, an wei et geiff ausgesin wanns de den Zentrum vun der Foto genau geifs op t'Aa leen !?!
Daat wier eng Spilelrei dei ech geiff ausprobeieren !
Doduerch geiff daat schein Orangt Aan wierkelch den Eyecatcher gin (nach mei) an awer geiff een luess an luess mei deif an t'Bild goen mam Bléck ... denken ech ... hmmm ...
Schluck 25.09.2012 - 14:57
Merci Gaga, hunn mer déi fro mam "mëttegen" Kadrage och gestallt mais ët ass mer näischt annercht iwwereg bliwwen ... dofir hun ech déi héi och an den Pano gecroppt wëll soss wier ët nach méi krass gewiercht. Den Zentrum genau ob d'Ae hun ech nach nët gekuckt, wees nët ob ech souvill nach hunn wëll ... eng interessant Idee
Schluck 25.09.2012 - 15:18
Dann kuck elo mol .. ausser dass riets schlecht gemach ass wëll ech net genuch iwwereg hat .. fannen ët an dem sënn interessant dass se d'Ae lo komplett am Zentrum ass awer d'Bild insgesammt nët méi sou "Mëtteg" wierkt
Gaga 25.09.2012 - 15:32
t'Onregelmeissegkeet am Hannergronnt (also t'Netsymetrie bei den Jongdeieren" stecht elo besser eraus fannen ech, och den Horizont leit elo besser am drettelraster ... dann de Bléck op t'An an der Mett, also ech fannen se sou villl besser ... an du ?
Schluck 25.09.2012 - 16:08
Jo, ech och vum Kadrage hier , just dat beigeflécks stéiert mech nach
Gaga 25.09.2012 - 16:28
daat muss de e bessen optimiseieren... probeier mol einfach mat strecken ....

mais ech fannen et elo schon net ganz opfälleg, du gesais et wells de et wees an automatesch drop kucks.
e bessen besser geiff natierlech nach goen.
Schluck 26.09.2012 - 13:30
Strecken ? WéI ? Hat elo mat Content-Aware Fill probéiert
Gaga 26.09.2012 - 13:40
Als eicht mechs de dein Arbeschtsbereich mei grouss, fleck 3-4 cm no riets bei, also beim Canvas....
Dann einfach mam MASK TOOL, eng Quadretesch Selectioun iwert t'ganz Heicht vum Bild, awer nemmen an der Breet esou dat vum Rand riets, bis kuerz firun dei eicht Ient selectionneiert as, also nemmen Waasser an Hannergronnt. Dann CTR T fier Transformieren, an dann strecks de deng Selectioun no riest aus ... hoffen et as verständlech.
Gaga 26.09.2012 - 13:45
Hun der eng Mail gemach ... as mei einfach !bigsmile
Schluck 26.09.2012 - 13:47
Probieren dat herno .. merci fir d'Hëllef
Schluck 26.09.2012 - 17:30
TipTop ... den do Tipp hät ech schon ganz oft gebraucht ... ass vill besser an lo gesäit een ët nët méi wann een ët nët wess.
Gaga 26.09.2012 - 21:16
dofier sin mer jo do closed_eye
TC 25.09.2012 - 18:17
Flott Perspektive!
Schluck 26.09.2012 - 13:28
Merci TC, ass flott sou neeleg iwwert d'Waaser ... mir gefallen se , geet awer nët ëmmer fi se sou ze huelen
p-foto 26.09.2012 - 08:43
Gaaaanz gudd !!
Schluck 26.09.2012 - 13:28
Viiiiilllmols merci closed_eye

(Passwuert verluer)

Foto vun der Woch

Tunnelbleck

Eis Partner

VisionLecuit

Am Moment online

 
 
Neisten Benotzer: Javi
Am Ganzen: 3725
1 Benotzer an 456 Gäscht online