Facebook
Twitter
Du bass nach net ugemellt. Mell dech gratis un
ëm wat geet et op Photogen.lu?
 

Old Chap

 
Old Chap
  • Fotograf:
  • Eropgelueden:
    24.08.2012
  • Gekuckt:
    11812
  • Favoriten:
    0
  • Kommentarer:
    14
  • Beliichtungszäit:
    n/a
  • Blend:
    f/n/a
  • Brennwäit:
    n/a mm
  • ISO:
    n/a
  • Blëtz:
  • Beliichtung:
  • Gréisst:
    800x800
  • Späicherplaz:
    246 KB
  • Originaldatum:
  • Fotoapparat:
  • Programm:
  • Objektiv:
Kategorie: Objeten an Still Life »» Dobaussen  
Extras:


Fir anzesetzen: [pg_img=66045]
Kommentar vum Fotograf:
Den Auto, den ech am längsten haat - vun März 2003 bis Abrëll 2011 - hei ganz klassesch analog oofgeliicht an é bëssen méi onüblech kadréiert (6x6 vollt Negativformat, September 2010, wann ech mech richteg errënneren...)
Gaga 25.08.2012 - 13:41
Ech gesin du bass een Roadster-Cabrio Fan !
As deen Model schon sou aal ? Merd .. Zeit vergeht !

Flott gemach, mais den s/w wierkt e bessen flach ?!?
Fier mech zevill Wiss an net genuch Himmel ... soss as den kadrage awer gut gerooden !
Jaycee 25.08.2012 - 22:31
Daat war éen aus dem éischten Batch déi op Lëtzelbuerg komm sin... Ech hun en eigentlech just kaaf, well ech héich an hëlleg versprach kruut, dass ët nie eng Coupéversioun gi wärt, waat, wéi mer haut wëssen, jo dann awer nët esou war... angry

Ë bëssen flach mengs de... euh ech weess nët, kuck emol, do ass vu wäiss bis zum déifste Schwaarz d'ganz Tounwertskala dran, oder mengen ech daat nemmen... A fiir é Scan vun engem SW Negativ nodréigelech a farweg ze transforméieren ass nët esou einfach... closed_eye Déi Saach mam Kadarge, eh ben ça se discute...
Gaga 26.08.2012 - 11:58
Weiss as dran, awer nemmen an denger Rumm ! closed_eye
Huel mol nemmen t'Foto an kuck dann den Histogram !
Jaycee 26.08.2012 - 23:11
hmm wann ech mer daat esou ukucken, hues de nawell recht... an daat Wäiss an der Rumm gëlt nët, obschons ët zur Foto gehéiert? closed_eye
Gaga 26.08.2012 - 23:16
am Histogramm jo, bei mir NEE ! bigsmile
Jaycee 26.08.2012 - 23:30
Du bass awer schéi streng... also elo seriö, de Problem mengen ech läit um Himmel. Wanns de mat engem panchromatesche Film e bloen Himmel knips, da gët den ëmmer vill ze blatzesch. Ofhëllef as, je no gewënschtem Effekt, é Giel- Orange- oder Routfilter. Haat ech hei awer nët, a fiir dass d'Woleken trotzdem sollen erauskommen, hun ech am PS ë bëssen nogehollef, an doduerch hun se é klenge Groschleier kruut...
Gaga 26.08.2012 - 23:52
jo mais daat kanns de jo awer mat e bessi kontrat änneren, an den enneschten Deel maskeieren.
Et as jo emmer deng Decisioun, ech kann der just soen waat mier net onbedingt 100% gefällt Jaycee. Ech fannen den spectrum as net ausgefellt. Fier mein Gout zevill grotein an net genuch weiss.
Teschnesch gesin ech keen Probleem daat ze änneren. Mais dier muss se gefaalen, et as e Souvenir un deng Machin closed_eye
Jaycee 28.08.2012 - 00:33
Daat ass ët eben waat mech ëmmer oofschreckt, Kompikatiounen mat Masken asw; daat war schon zu Aanalogzäiten esou beim Printen, waat hun ech ët gehaasst oofzewedelen, nozebeliichten a waat och ëmmer... Daat ass och d'Haaptursaach fiirwaat meng Biller demols an och nach haut nie iwer d'Mëttelmooss erauskomm sin... Wann ech emol eng Kéier pensionéiert sin, hun ech vläicht méi Zäit fiir mech seriö dohannert ze klemmen... closed_eye
Merci Marcus fiir de feedback
Gaga 28.08.2012 - 09:21
Marcus ?bigsmile pas mal !

Ma Hautzudaags am Photoshop as daat jo awer en minimalen Obwand ... also gellt den Excuse guer net ... souguer den Ed get eenz dermat an deen as aal ... mei leiwe Schung ... sou aal ges du net !
Jaycee 28.08.2012 - 20:27
Du hues é gewëssent Talent fir mer de Wand aus de Segelen ze huelen... smile

Ech haat ëmmer den Androck wéi wann den Ed nawell zimlech virtuos mam PS géif ëmgoen, an dovun ofgesin sin ech méi aal ewéi den Ed...

Ech wollt nët iwerdreiwen, soss hätt ech Marcus Aurelius gesoot... cool
Gaga 28.08.2012 - 20:42
AVE !
smile

Et as einfach schuet sech deem ze entzeien, daat wier wei wansn de freier deng Analog Fotoen an en Automat gedroen häss fier ze entweckelen ! Oder net ?
Jaycee 29.08.2012 - 16:53
Oh déi farweg hun ech an den Automat gedroen, oder villméi bei Kodak belle gique, waat nët vill aanescht war...
JohnJ 26.08.2012 - 17:34
Flotten Auto..
Cadrage kann ech domadden liewen awer leider net dass en ungeschnidden ass, daat brengt mengern Meenung no der Foto naicht intressantes.
lg
Jaycee 26.08.2012 - 23:19
Duerch den oofgeschnidden Eck hun ech den Androck, wéi wann den Auto an d'Bild erarutscht. Ech hu nach e Negativ wou den Eck nët ofgeschnidden ass, mat méi Himmel a manner Wis. Mir schéint daat Bild méi steif, mais daat gesäit wuel jidderen aanescht. Merci fir de feedback.

(Passwuert verluer)

Foto vun der Woch

bei den Beginen

Eis Partner

LecuitVision

Am Moment online

Keen Member online
 
 
Neisten Benotzer: Javi
Am Ganzen: 3725
keen Benotzer an 658 Gäscht online