zevill HDR!
fréier hat ech emmer déi gewunnecht bei al blo-giel foto "Das Blau und das Gelb!" ze schreiwen. ech mengen ech sammlen an enger nächster phase HDRighPass vergewaltegungen..
näischt fir ongudd, du kanns et jo einfach nachengkéier besser man
Merci Marc fir déi Komentar. Ech sinn nach een Ufänger am PS an am HDR.
Eng HDR Foto besteet jo aus méi Foto, oder? Bei dëser Foto hunn ech just e Filter driwwer geluecht, well bei der orginaler Foto, ass dem Gitarist lenks séin Gesicht ze hell. Mee do geet et bestëmmt een Trick den ech nach net weess, wei een dat ka verbesseren.
eben!
et as net "ze hell"
de gréisste fehler wou déi meescht leit man as deen dass se mengen et dierfte keng hell platze méi am bild sin. sou wéi wann alles wat hell as misst op engkéier ee mëttelwert hun. den highpass as ee filter, keen effekt. d.h. dee get benotzt als mëttel zum zweck souzesoen. du benotz en. mee soulang wéis de net nach handaarbecht domat mess as en einfach faul, an et gesäit ee méi photoshop wéi bild. HDR as näischt anecht wéi eng simulatioun vun dem mënschlechen Aa sénger dynamik. also mär gesin am himmel struktur, och wa mer esi em schied op eppes konzentréieren. dat as eist gehier wou dat souzesoe berechend. bei enger foto verschwënnt déi dynamik. mär hun an all bild "ze däischter" schieter an "ze hell" highlights (am himmel z.b.) d'dynamik as deemno méi kleng. kéint een also LDR nennen (HDR = High Dynamic Range)
fir déi dynamik eremzekréien, get et eben déi technik vum DRI (Dynamic Range increase). wou mer verschidde beliichtungszäiten huelen, an déi an engem bild vermëschen. dobäi -an dat gesin déi meescht eben anecht- soss d'bild trotzdem net vun der realitéit ofschweifen. a wann se dat soll man dann nemmen en deem sënn dass dat DRI-Bild einfach net wierklech wierkt, well mer wëssen dass et eng foto as. awer leider gesäit ee ganz gudd dass een DRI gemach huet, wann d'bild no photoshop ausgesäit. ménger meenung no muss een do entweder ee gudden HDR-Programm hun (an sech och eng gudd zäitchen domat beschäftegen a lise wéi dat geet) ODER et mecht een et mat der hand (also mam photoshop) an zwar net mat engem effekt oder filter, mee mat 3-4 opnamen déi een dann vun hand mam pinsel a mat masken annenee baut, bis méi dynamik am bild as. dass et keng hell an däischter platze méi soll gin as awer leider falsch (méng perséinlech meenung)
Merci Marc,
jo déi schéin all Zäit. Freier huet een seng Foto gemaach an entwéckele gelooss a gehofft dat de Labo seng Aarbecht gutt mëscht.. Haut huet een esou vill Méiglechkeeten an da mengt een .........
Mier gefällt daat do ganz gut ... lauschter dem Magelle do net no, deen huet keeen Schimmer !!!!
Eenzeg klengen Tip : Op der lenksester Guitar (lol) do geiff ech t'Chromatesch Aberatioun eweg machen, dei as e bessen stark ausgefall.
Och as et schuet dat den Batteur net e bessen eichter fortgesprongen as, dann wier hien mei schein an der Rei an net esou verstoppt !
Soss fannen ech daat do ganz gut a ganz gelongen !
Merci Marco, ech probéieren dat ze aneren.
Dat mam Batteur, hues du rescht, mee do stoung ech net op der richteger platz. Bei 5 Fotografe kanns een net ëmmer gewannen.