Facebook
Twitter
Du bass nach net ugemellt. Mell dech gratis un
ëm wat geet et op Photogen.lu?

Monument valley

All Fotoen an dëser Serie:
29676 Thumbnail
29677 Thumbnail
29678 Thumbnail
29679 Thumbnail
29680 Thumbnail
Monument valley
  • Fotograf:
  • Eropgelueden:
    14.08.2012
  • Gekuckt:
    20733
  • Favoriten:
    0
  • Kommentarer:
    7
  • Originaldatum:
    2011:09:30
  • Fotoapparat:
    Canon EOS 5d Mark II
  • Objektiv:
    Canon EF 24-105 f/4 L
Kategorie: Natur »» Landschaften
2. Kategorie: Digital Art »» DRI - Dynamic Range Increase
Extras:


Fir anzesetzen: [pg_img=65793]
Kommentar vum Fotograf:
Daat héiten ass dann eng Serie déi ech läscht Joer am Monument valley geschoss hun. De Monument valley léit un der Grenz teschent dem Utah an dem Arizona an get vun den Navajo Indianer verwalt. Déi éicht Foto wéisst een vun deenen klasseschsten Motiver an West-Amerika iwwerhaat... den "Marlboro man". Ech haat elo Problemer mech op 5 Fotoen ze limitéieren vir d'Serie well des Plaatz huet esou vill flott Motiver dass ech der ouni Problem hätt kennen méi wéisen.

Remarque : Fotoen 3 & 4 sin HDR'en
orlok 15.08.2012 - 20:45
Schéi Serie!
Scyv76 15.08.2012 - 21:01
Villmools merci.
Metalbambi 15.08.2012 - 22:41
Flott Serie! Op den éischten Bléck hunn ech geduecht 'nach eng Mon. Valley Serie', mee wann een d'Fotoen eenzel kuckt gesäit een awer interessant Detailer... ausser bei der 3ter, déi ass su en bëssen schwaarzt Schof, Do feelt mer en Highlight.
Den Cowboy als Eyecatcher bei der éischter ass saucool, mee probéier mol en bëssen erfier ze hiewen, ech hat en bal iwwersinn.
Déi 2t ass zwar méi klassesch, mee duerch déi natierlech Rumm awer schéin ze kucken, gëtt en schéin Déift.
Déi 4t géif ech radikal schneiden! Den Vierdergrond lenkt just of vun engem potentiellen XXL-Panorama!
Déi läscht ass dann nees éischter sou lala, net schlecht, net richteg gutt, mee awer sécher näischt falsch drun. Sinn vir mäin Goût einfach ze vill Klischeeën beieneen. smile
Scyv76 16.08.2012 - 13:22
Merci vir deng Kritik, déi ech zum groussen Déel novollzéien kann. Bei der foto 1 hätt ech eventull kennen méi eng cadréieren, bei der foto 2 hun ech perséinlech néicht auszesetzen, foto 3 gin ech der recht, déi ass e bessi eidel ouni Unhaltspunkt, foto 4 wiir effektiv bestemmt besser wann ech d'halschent vum vierdergrond géif ewech lossen, foto 5 ass pueren kitsch an et stéiert mech och nach dass se an der mettessonn gemaach gouf an dohiir e bessi ausgebrannt ass...
Jeanny 16.08.2012 - 20:17
herrlech unzekucken an däi eescht mam Päerd huet mir et ugedoen
Scyv76 16.08.2012 - 22:23
Villmools merci Jeanny ! Eigentlech ass dei mam Pärd e bessi kitchesch mee ech woor aawer frou dass en esou schein do poséiert huet an ech daat konnt feshaalen och wann et en absolut klassescht motiv am monument valley ass smile
Jeanny 17.08.2012 - 07:06
Jo, sou mam Päerd kennen ech et och vun de Fotoen hier,

(Passwuert verluer)

Foto vun der Woch

Tunnelbleck

Eis Partner

LecuitVision

Am Moment online

 
 
Neisten Benotzer: Javi
Am Ganzen: 3725
1 Benotzer an 565 Gäscht online