Idealen Moment - idealen Titel!
Och wann daat bedait een, fir d'Puristen stéiernden, "Fliegerkratzer" mat op d'Bild ze kréien, egal! Dësen Instant "I" hätt nët dierften verpasst gin. Bei esou engem "touching the sky "-Moment hëlt een daat mat a Kaaf, idem fir deen Villchen riets. (Fannen ët gutt datts de nët mat PS verbessert hues, d'Realitéit ass einfach esou.)
Bombastechen, baal borealen, Himmel, deen duerch deng Bildopdeelung nach "vill méi besser gudd" zur Geltung kënnt.
Herrlech himmlech Faarwen, ton-sur-ton mat dem Mier.
Mir perséinlech feelen weider Wierder, dofir bewonneren ech just nach!
Merci Jade, freet mech dass de dat genee esou gesaiss wéi ech. oofgesinn vum DRI sin ech absolut keen PS Fan, E Bild soll an der Kamera entstoen an net um PC...dat ass emol meng Meenung. Ewechstempelen wollt ech hei net, et war en immens schéinen Moment an ech wollt en wirklech esou loossen wéi e war.
Genau daat. Du drecks daat gudd äus.
Well, vu mäin Mangel un techneschen Fotoskenntnisser, erkennen ech leider nët oft wéini eng Foto wéi verschafft gin ass. An ech faalen dann och oft dorober eran (wann ech daat elo esou daerf soen! PS-Users, elo nët béiss iwer deen Ausdrock gin!)
Ech kann awer och verstoen, dass den PS eng gutt Hëllef ass fir e puer Schéinheetsfeeler ze verbesseren, an fir Experimenter ze machen.
Mee: "L'abus de PS nuit gravement à l'art photographique"!
(Daat war elo een klengen clin d'oeil un déi heuteg "journée mondiale sans tabac"!)
wou war daat?
ech fannen dei scheffer maan d foto einfach genial... natiirlech och d faarwen an d perspektive, mee ech mengen ouni d scheffer geif mer d foto nemmen hallev sou gudd gefaalen... schéin!