Facebook
Twitter
Du bass nach net ugemellt. Mell dech gratis un
ëm wat geet et op Photogen.lu?
 

987-II

 
987-II
  • Fotograf:
  • Eropgelueden:
    08.08.2012
  • Gekuckt:
    11525
  • Favoriten:
    0
  • Kommentarer:
    13
  • Beliichtungszäit:
    n/a
  • Blend:
    f/n/a
  • Brennwäit:
    n/a mm
  • ISO:
    n/a
  • Blëtz:
  • Beliichtung:
  • Gréisst:
    810x608
  • Späicherplaz:
    233 KB
  • Originaldatum:
  • Fotoapparat:
  • Programm:
  • Objektiv:
Kategorie: Objeten an Still Life »» Dobaussen  
Extras:


Fir anzesetzen: [pg_img=65633]
Kommentar vum Fotograf:
bei Sonnenënnergang, liicht geha-de-erd...
Gaga 09.08.2012 - 10:23
hm, also ech fannen du hues der net graat dei scheinsten Plaatz erausgesicht, daat ronnderem steiert mech alles e bessen, Dei Poart, daat Waasserfaass... fier esou en Auto as epes mei modern - minimalistesches besser geegent, oder weinstens epes mei eideles als Hannergronnd.
Jaycee 10.08.2012 - 21:27
Ech gin der do absolut Recht a geloben Besserung wann ech nach eng Kéier soll d'Gelegenheet hun...
micky-maus 09.08.2012 - 11:26
Flotte Cadrage ann Sonnenennergangstemmung.... cool,
muss dem Gaga awer Recht ginn, esou gesait deen 987 bessi vill noom Bauer sengem Porsche aus deen graad noo senge Keih kucken geet.. tongue
Jaycee 10.08.2012 - 21:31
Also et war esou, de Bauer haat mech gefroot fiir e Puer Fotoe vu senge Kéih ze machen, a well seng Fra mat sengem Traktör ënnerwee war hu mer missten hire Porsche huelen a bei der Gelegenheet ass dat d'Bild sou ze soen niëwebäi entstaanen... closed_eye
gunman 09.08.2012 - 13:18
Absolut der Meenung vun micky-maus an Gaga !
Wanns de wells esou en Auto mat Sonnenennergang wells fotograféiren, dann net bei engem Gelänner an engem Waasserfaas an der Pampa !

gogo 09.08.2012 - 22:17
Porsche 987: 70000€*
Fotoapparat: 2000€*
Ze spéit mierken dass een kee flotten Hannergrond erausgesicht huet, an dass dem Auto en Hochspannungsmast aus dem Dach erauswiist : Onbezuelbar

* Präisser si fiktiv, ech hun absolut kéng Ahnung tongue
Jaycee 10.08.2012 - 21:35
Mat de Präisser daat kéint hinhauen a je no Optiounen nët duergoen... an den Hochspannungsmast ass esou wiesou, wéis de ganz treffend bemierkt hues, onbezuelbar... closed_eye
Gaga 10.08.2012 - 23:22
PS: WEI HUES DU EN SS NUMMERENSCHELD KRITT?????
Sin dei net mei verbueden?????
Jaycee 11.08.2012 - 10:08
Déi zwee Buchstawen SS sin ët och schons virun der prise de pouvoir vun dem éisträichechen Usträicher a sengen Akoliten gin, z.B. SS = Swallow Sports, spéider a Jaguar ëmgedéft, an och duerno wéi z.B. de Chevrolet Camaro SS, waat wuel sou vill wéi Street Sport bedeit... Esou laang wéi een duebelen S nët wéi zwee Blëtzer ausgesäit ob elo mat oder ouni Swastika, mengen ech waren së nach nie verbueden, oder dach...?
Gaga 11.08.2012 - 13:06
also sou weit ech wees as "SS", "HH" an "KZ" souzesoen verbueden, resp. get net erausgin vun der SNCT !
Kennen e puer Leit dei t'Initialen SS hun an hier Plaque emmer refuseiert krutten ! Ech hun och "SS 2000" ugefroot well "HS 2000" schon vergin as a krutt se refuseiert!
Mais wert mech dann emol richteg Informeieren, obwuel, ech sin mat mengem MG 6464 (MG GAGA) ganz zefridden ! smile
Gaga 11.08.2012 - 17:11
Memorial A-N°87 25 juin 2003
Réglement grand-ducal du 17 juin 2003 relatif à l'identification des véhicules routiers, à leurs plaques d'immatriculation et aux modalités d'attribution de leurs numéros d'immatriculation

La série courante des numéros d'immatriculation
1. Les numéros d'immatriculation de la série courante comportent six positions alphanumériques, dont quatre chiffres précédés de deux lettres.
2. Dans la série courante, les séries de numéros qui suivent ne sont pas utilisées:
a) les séries qui impliquent une des combinaisons de lettres AA, CD, HJ, KK, KZ, PD, SA, SS, WC et ZZ.
b) les séries qui impliquent les lettres I ou O.
Jaycee 11.08.2012 - 21:35
Eh ben, demno hätt déi Bidden hei also eng illegal Plaque... ça alors confused ... fir däin Honda Racer häss de jo nach eventuell kënnen MS 2000 (Marco's S2000) ufroen... closed_eye
Gaga 11.08.2012 - 22:25
Jo, am Fong schon ...
MS 2000 ... do hun ech net drun geduechtbigsmile ....

(Passwuert verluer)

Foto vun der Woch

bei den Beginen

Eis Partner

VisionLecuit

Am Moment online

Keen Member online
 
 
Neisten Benotzer: Javi
Am Ganzen: 3725
2 Benotzer an 593 Gäscht online