Facebook
Twitter
Du bass nach net ugemellt. Mell dech gratis un
ëm wat geet et op Photogen.lu?
 

Wäschdaach

 
Wäschdaach
  • Fotograf:
  • Eropgelueden:
    28.07.2012
  • Gekuckt:
    9838
  • Favoriten:
    0
  • Kommentarer:
    19
  • Beliichtungszäit:
    1/400 sec
  • Blend:
    f/10
  • Brennwäit:
    165 mm
  • ISO:
    200
  • Blëtz:
    No Flash
  • Beliichtung:
    0 EV
  • Gréisst:
    900x689
  • Späicherplaz:
    625 KB
  • Originaldatum:
    2012:07:28 11:13:17
  • Fotoapparat:
    NIKON D3X
  • Programm:
    Program
  • Objektiv:
Kategorie: Objeten an Still Life »» Dobaussen  
Extras:


Fir anzesetzen: [pg_img=65354]
Kommentar vum Fotograf:
Hei get d'Wäsch nach an der frescher Loft gedrechent:-)
Zu "Nida" eng kleng Insel an Lithauen
Gaga 28.07.2012 - 12:07
weivill Vodka haas de do schon eran Jaques ? bigsmile
Se kippt e bessen ganz villbigsmile ... bei der eichter huet mer daat geometrescht gefall, hei duerch t'Kippen as daat net esou den Fall .
Jacques 28.07.2012 - 12:10
Bei deenen aalen Heiser ass neischt riicht!
Daat Haus ass esousmile
Ech gesin, du woars nach nie an Lithauenclosed_eye géi emol dohin well et ass dowärt!smile
Gaga 28.07.2012 - 12:28
ah ok ... confused

Mais daat kann den Betrachter vun denger Foto och net wessen, dann häss de sollen de Buedem e bessen mat drop brengen. Esou denkt all Mensch waat ech geduecht hun. Eng Foto as nie t'Wouerecht, et as wei eng Geschicht ... du erziells eis deng Versioun, an mier verstinn e bessen daat waats du ziells, deng Versioun, an flecken eis e bessen vun eiser Phantasie derbai ...

t'Woueregt geht do oft verluer ...
Jacques 28.07.2012 - 12:29
Jo du hues Recht, daat kann jo keen wessen!
Wärt nach e Bild erop lueden vun engem Haus waat net graat esou kromm ass!
Gaga 28.07.2012 - 12:34
weiss eis daat waats du eis wells verkreckelen Jaques, soss naischt ! closed_eye
Jacques 28.07.2012 - 12:37
Hun se elo just eropgelueden,muss nach ugeholl ginsmile
micky-maus 28.07.2012 - 12:09
Eng flott faerwech Foto ann super Ambiance.
Awer Deng Foto kippt dass ett engem dronken gett, oder hues Du se op dem Poteau ausgeriicht? smile
Jacques 28.07.2012 - 12:11
Merci Micky-Maus, mee daat Haus ass esou an zwar komplett schief, dofir sin se esou interessantsmile
Jacques 28.07.2012 - 12:13
Fier just kloer ze stellen, daat Haus ass esousmile
Déi ganz aal Heiser aus Holz sin schief an do ass neischt riicht drun!
sus49 28.07.2012 - 12:41
D'Faarwen an och de Kader gefaale mer ganz gudd. Flott gesinn closed_eye
Jacques 28.07.2012 - 13:01
Merci sus49,daat freet mechsmile
Maimonides 28.07.2012 - 16:58
Egal wéi riicht d'Haus elo wierklich ass, Jacques,
bläiwt deng Foto trotzdem kromm.

An awer ass se schéin:
well dat 3. Stéck op der Léngt
d'vue fräi mecht...
Jacques 29.07.2012 - 10:24
Merci, daat freet mech wann se gefällt!smile
Jeanny 28.07.2012 - 18:09
an et bléist eng kleng Lëftchen, e schéine Bildopbau a Foto
Jacques 29.07.2012 - 10:24
Merci Jeannysmile
Jean-Jos 28.07.2012 - 22:37
Jacques, déi mécht Spass! A wéi de Maimonides scho soot, flott, datt den 3. Lätonguep d'Vue opmécht.
Jacques 29.07.2012 - 10:25
Och dier en decken Mercismile
jorsch 29.07.2012 - 17:34
Gefält mir och! Just zwou Faarwen, awer d'Klamere maachen eng Ausnahm. Flott!
Jacques 30.07.2012 - 09:36
Merci Jorschsmile

(Passwuert verluer)

Foto vun der Woch

bei den Beginen

Eis Partner

LecuitVision

Am Moment online

Keen Member online
 
 
Neisten Benotzer: Javi
Am Ganzen: 3725
keen Benotzer an 644 Gäscht online