Kommentar vum Fotograf:
Voilà, nodeems ech da mol bessi Zäit haat méng Ënnerwaasser Pics vun Ouschteren ze beschaffen wollt ech iech dann dësst Bild présentéieren.
As entstaan während enger Nuetsplongée bei eiser Safari op den Brother Islands.
Hun dem Déierchen just en sougenannten "Kiss of Light gin" mam Blëtz korrigéiert op -3, soudass en
a) kee Stress dovun gedroen huet
b) just daat beliicht gin as waat ech wirklech wollt
A vu datt ech periodesch méngem Namensvetter muss bessi Rechnung droen, hun ech mech entscheed dëss Foto mat iech ze deelen ;-)
Hoffen se gefällt... ;-)