Dei 4t gefällt mier am beschten bob, och wann se net 100% zur Serie passt well se net esou dekontrastreiert as. Bei der 3ter denken ech och dat se e bessen mei kontrast keinnt hun fier bei 1 an 2 ze passen.
Fier de Recht wierglech eng gelongen Summer-serie mat engem flotten, interessanten Model.
Dat déi 4t net sou dran passt wousst ech, mee war mer awer net sécher op deen Cadrage gutt wier oder net, dofir hunn ech se nach dragesat. schéngt jo awer gutt unzekommen. Bei der 3ter mengen ech ass et haaptsächlech dat just ënnen bëssen méi däischter Partien dran sinn, dofir 'feelt' et un Kontrast. Hunn u sech den Curves-Layer ëmmer einfach just kopéiert (jo ech sinn faul!), an d'Beliichtung war 1:1 déi selwecht.
Jo, n° 3 as jo och voll geinnt t'Sonn dei aaner zwou rechtwenkleg zur Sonn. Dofier as 3 e bessen mei iwerbeliicht. Flott sin se alleguer.
Waat ech nach woltl soen, bei der 1 steiert mech daat Gebei am Hanenrgronnt.
Flott serie ass effektiv ennergaanngen, hat se net gesin. 2 & 4 gefaale mer am beschten. 1 steiert den hannergrond mech bessi. 3 gefaellt mer vun der pose hier ganz flott, ech perseihnlech di mech schweier mat den oofgeschnidde been, mais et klappt. Bei alle fotoen saugeile filtrage, waat hues de do gemeet fir dat sou hinzekreihen?
Bei 1 hunn ech och geflucht mam Hg, hunn einfach keng Perspektiv fonnt wou ech en lass ginn sinn an den Rescht nach gestëmmt huet. Mat den Been bei der 3ter war och sou eng Saach. Hunn se och am Landscape, mee do fannen ech dat dann den Schwéierpunkt net méi genuch um Gesiicht läit.War mer awer och net sécher wéieng huelen.
Zum Filtrage: Zimlech hell Foto am Contre-Jour; Lr: Kontrast raus, Shadows rop, Vibrance staark rop, Sättegung raus bis et nees 'normal' ausgesäit, giel an d'Liichter, rout-moove an d'Shadows, Balance op hell. Ps: Curves: nach eng Kéier en bëssen méi hell an Detailer upassen (geet méi genau wéi Lr), 2ten Curves ob 'Color' stellen, giel Liichter ophellen, rout Kontrast raushuelen, den ganzen üblechen Buttek nach maachen an fäerdeg.
Zu der 3ter Foto: genau daat waats de gesoot hues hun ech mer och geduet wisou dass de awer porträt geholl hues, Gesiit koennt hei wierklech super riwwer.
Villmols merci fier di ausführlech Beschreiwung, waert daat awer och eng Keier testen, ass wierklech s**geil
E ganz schéi Serie, déi ech eréischt elo entdeckt hunn.
Di 5. a 6. Foto gefällt mer nët esou, an dat haaptsächléch aus deem Grond, well et leider keng 5. a 6. Foto gëtt.